Ech hu séier op Wikipedia gekuckt: 1877: 500 Awunner, 1880: 10.000 (!) Awunner, 1888: 500 Awunner. 1932 war et no engem grousse Feier dann definitiv riwwer.
Den George hung also zur Glanzzäit vu Bodie, an do mussen all Wildwest-Viirstellungen, déi een haut huet, erfëllt gewiescht sin, och schon op däer Plaatz. Dat ass fir méch dat faszinant un där Staadt: dat d'Leit Hals iwwer Kapp fortgezu sin, an zum Deel souguer de gedeckten Dësch stoe geloss hun.