Ma dann soen ech just eent: Bravo!!!
Fir en eichten shooting am studio, ass fir mech deng serie ganz gudd gelong.
Felicitatioun un den Fotograf,... ann dem Model
Merci.
Jo, hues Recht, d'Julia ass wirklech flott an huet Spaass gemaach hatt ze fotograféieren. Wollt sou eng Série maachen an hun fonnt seng Fotoen géifen gudd passen.
Salut,
Déi 4. a 5. fannen ech immens gudd! Belichtung, Posen a Model sin bei denen optimal gewielt. Fir mäi Geschmach kéint e just bei der 5. eng Grimmel manner Glow drop sin.
Deng Fotoen sinn alleguer super ginn, fir déi éischten Kéier einfach nëmmen Respekt, dat kann jo nach eppes ginn...!
D'Aen sinn esou wei ech dat gären hunn super schaarf, dain Cadrage ass dir fir main Goût iwwerall excellent gelongen.
2 Saachen hunn ech awer déi mir manner gutt gefalen, dat ass a) den siichtbaren Blëtz hannert den Hoer ob der 2 deen och d'Hoer um Aarm siichtbar mëscht an b) deng Veraarbechtung zur "glater Haut-Glow oder Lissage" wei et schon genannt gouf....
Merci Laurent. Strengen mech un
zu a) jo, du hues leider Recht. wor mat Ventilator, an dann fléien d'Hoer nët ëmmer wéi een wëll, wollt se awer nët éliminéieren
zu b) majo, deen effet huet mir gefall, haat nach nie sou eppes gemaach, mee schéngt jo nët méi sou vill gemaach ze gin, dann muss ech daat mol op der Seit loossen
Merci awer fir deng analyse
Merci.
Jo, haat deen effet sou probéiert well en mir gefall haat. Wéi ech och dem Laurent schon geschriwen hun, probéieren dann mol demnächst sou Fotoen anescht ze verschaffen