Nee, hiert vun dir sougenannten séchert Enn ass just een neien Ufank, als Waasser fir an eng vun den zéch Vispaën an duerno an de Rotten (Rhône) ze fléissen oder direkt als Waasserdamp séch ëm d'Haifche vum Matterhorn ze leeën (do hu mir et rëm... ) an irgendwann neess als Schnéi uewen op der Mischabelgruppe neess rofzefaalen a séch do zu neiem Âis kompaktéieren ze loossen.
Déi aktuell Géetschere wuessen effektiv net mi séier no, jo, mais dat heescht awer guer näischt... Ech hu jo geschriwwen: IRGENDWANN, dat ass jo awer ee vague Begrëff, an dat kann och réischt an e puer honnert Joer oder nach méi laang sin. Ech interesséiere méch sou niewelaanscht fir Geologie asw an ech gesin dat Ganzt a geologeschen Zäitraim, an do wärt bestëmmt di näxten Äiszäit net op séch warde loossen.
Nët, datt ech falsch verstanne gin, ech si KEE Klimaleugner (wat dat och ëmmer heescht, well dat Wuert heescht alles, awer net dat, wat déi, di et gebrauchen, domadder ausdrécke wëllen), ech gesi jo ganz genee, wat dobausse leeft, mais ech hun awer och méng Bedenke mat deem éiwege Katastrophegeprophezeis do. Ech verstin net, wéi mir Mënschen et nach ëmmer net färdeg bréngen, eis zu engem groussen Deel selwer gemaache Problemer plus déi, di iwwert eis erabriechen, net differenzéiert an ouni Panikmacherei ugoe kënnen. Mat all deem, wat mir an deene läschten honnert Joer duerch Wëssenschaft an Technik bäigeléiert hu, misst et dach méigléch sin, méi differenzéiert Projektioune maachen ze kënnen an eventuell och mol op eppes ze verzichten. Mais bon...
Irgendwann ass effektiv ee vague Begrëff, a wéi's du schreif's datt dann irgendwann och nees eng Äiszäit wärt antrieden gleewen ech. Bis dohin awer denken ech widderhëllt sech den Zyklus vu Waasser iwwer den Donst zu Wolleken an nees zu Schnéi bis zu Gletscheräis, a schlussendlech erëm zu Waasser nach ganz oft. Intressant a spannend wir ët kënnen ze prophezeien wéi eng Generatioun no eis dat Ganz dann erliewen därf?
Momentan gesäit et jiddefalls alles aneschters ewéi gutt aus, an deemno kann ee bei dësen Äistierm am Bild schon vum Ënn schwätzen.
Merci Nico a pixelman 10, d'Thema huet jo mol fir eng kleng Discusioun gesuergt, an kann och op engem Fotosite intressant sin.
Zu der Glanzzäit vu PG gouf et alt mol Diskussiounen, déi séch iwwert zingte, wann net honnerte vu Kommentarer gezunn hun. Mais och do huet ee Klimawandel stattfonnt an d'Kommentargletschere si mat der Zäit zréckgaangen...