Da war et awer ee photogen user, deen do virun der Bréck mat de "Schikanen" mat Fotoapparat aus dem Auto geklommen as, wéi mir laanscht gefuer sin... Erënners du déch un ee schwarze BMW 3er Kombi?
jo...an du dech un en hellbloen 5er?? ) wann een do ze lues fiirt an no enger Knipsplaatz sicht, da sin déi hannendrun direkt gestresst, hehe
Des Foto as op der Schikanebréck, fir d' Stau_2 hues de mech da wahrscheinlech gesin erausklammen
Dat as awer net nëmmen hei sou! Ech sin och méi wi eemol "gestresst", wann ech een hannert mer hun, dee "gestresst" as, well ech lues maache, fir eng Foto- resp. Parkplaz ze sichen... A jo, un de 5er kann ech méch erënneren. An effektiv wars du da just erausgeklommen.
jo, ech si mer bewosst, dat den Horizont an d'Mett tendéiert, awer no uewen an no ennen gecropt huet mech nach manner inspiréiert....dofir wollt ech nach Meenungen dozou héieren, op dat richteg stéiert, oder nemmen eng Sach as vu Goût
thx for comment