natierlech ëmmer ADG ...
dann eben mäin POV :
do ass fir mech elo zevill Onrou dran ... ët wees een nët méi wou hinkucken ... also meng Aan gin ruckzuck iwerall hin bis Kappwéih
Do schléissen ech mech un. Et ass jo sou dass d'Ae automatesch vun Text op engem Bild direkt ugezun get (an daat oft méi stark wéi bei irgendeppes aaneschters - eng Regel am Grafikdesign). Hei ass den Text beidseiteg sou Prominent dass d'Ae dauernd hin an hier sprengt an dobei d'Model (an och déi gesamt Foto) immens drun abéissen muss. Ech kéint mir virstellen dass den Text iwert den Wou, Wéini an Wéivill besser guer net am Bild wier mee just als zousätzlech Informatioun ennert dem Bild sollt stoen (sou een weissen Rechteck just ennendrenner). Dann kritt daat flott Bild och deen richtegen Stellenwert an et verleed een dozou sech d'Méih ze gin fir ze kucken em waat dass et do geht an den Text ennert dem Bild ze liesen. D'Iwerschreft ass ganz cool sou.
jo genau esou ! den Shantideva kann daat supergutt ëm-/beschreiwen
fannen d'Bild un sech och ganz flott an deen Discotitel och superpassend
gin him Recht fir all aaner Info aus der Foto erauszehuelen
Mee ganz kloar, d'Typo geht guer net.
Eng Schrëft geht een am beschten nie matt der Maus skaleiren, do hellt een eng fest Schrëftegreisst, an ferdeg, awer NIE se verzerren.
Dat geseit einfach net gudd aus, hei gëtt et dës weideren och nach onleserlech, eng Affiche muss allerdings op den eischten Bleck erfassbar sen.
Do hudd mer dei Affiche firdrun besser gefall.
Allerdings giff ech der do rooden, d'Positioun vun der Schreft vun der eischter Affiche beizebehalen, allerdings vill mei kleng dohin ze setzen, also soen mer Greisst 18-24 wann se 40x60cm grouss gëtt.
Den Titel giff ech och net an sou enger Konturfont dohin schreiwen, mee awer an enger leserlescher, dei rausstecht an sech net onbedingt am Hannergrond verschwennt. Muss dann natierlech och dei entspreechend Greisst hun, mee et kann een sech am titel secherlech typogrphisch austoben.
Dei restlech Donneen sollen reicht op den 2. Bleck erkennbar sen, dingen jo net mei als Eyecatcher, mee als Informatioun fier deen, deen intresseiert ass, doweinst geht mei eng kleng schreft deck duer.
Probeier mol Helvetica oder Myriad Pro.
Sen sou zimlech dei bescht fier leserlichen an informativen Inhalt, gin eigentlech iwwerall gebraucht.
Hoffen konnt der bessen weiderhellefen.
fier all d'schreften dei een sou huet op 2 roofzebrengen ass flait e bessen brutal mee du hues schon recht, alleng mat der helvetica kann een eng onendlechkeet un saache maan, check grafik design aus der schwaiz, bauhaus at its best!
Jo, also et muss een sech limiteiren op einfach gudd Schrëften.
Ët gin einfach Schrëften wou alles stëmmt, wou sech de Kapp zerbrach guff, Bauhaus ass wuel dat beschten Beispill derfier, wei sou Ideen entstinn.
Wann een sech net op 2 Schrëften beschränkt, kënnt hanneno Word Art raus…
Och op eng Affiche sollten "maximal" nëmmen 3 verschidden Schrëften drop kommen, dat kann een lo als 3 verschidden Fonts gesin, allerdings ass Helvetiva Bold, helvetiva Italic an Helvetica Regular och well 3 Fonts.
Mee den Problem ass haut des Dags, datt op den normalen PCs well souvill Fonts drop sen, d'ass schweier sech ze entscheeden, oder dei richteg ze fannen, do muss een sech einfach op gudd Fonts konzentreiren, an sou Saachen wei Jokerman oder sou op der Seit lossen, oder läschen. :-P (Dat wor lo bëssen am Allgemengen, net op d'Affiche hei bezunn)
:s ech sen nach emmer der meenung datts de flait eng aaner foto brauchs an datts de et vill mi einfach haale muss, d'typo ass sou net wierklech besser :S
ApplEric, mmphotos an n0brein, ech hun d'Schrëft ënnen elo op AvantGarde gesat, also déi selwecht wéi uewen, an uewen alles ausgefëllt. Existence hat ech schon mol gebraucht mee ech hun fonnt dass déi hei net passt, beim Myriad hun mer d'M'en ner gefall, an Helvetica hun ech néirens fonnt oO.
@n0brein, d'Foto gefällt mer an ech hun och keng Zäit fir eng nei ze maachen, mee merci.
@Lyn, d'Regaler sin der neitster keng méi