en decke Merci un ** @llegueren ** fir déi léif Kommentare, an natierlech Favoriten !
virun enger Zäit war meng Foto vun engem Wollef anscheinend net gutt genuch fir dat se hei um Site konnt gewisse ginn :sceptical:
Hei awer nach emol dé Link .... deen schon deemools ënnert deem refuséierte Bild do stoung, ... an Deen fléicht vill Usere einfach nëmmen kitscheg fannen, anerer awer e bëssen zum nodenken uréegen. Wann dat elo de Fall sollt gewiergt sinn , ... war et derwäert dëst Bild hei eropzelueden !
(ech si extra wengst "dem" Lidd do deemools an den Zoo gefuer ! , e bësse Mätsch muss een jo sinn ... et huet een jo soss néicht )
also fier dein Musik-goût misst du hannert t'Gitteren, an net den Aaf !
An duecht du keims aus der Disco Zeit, John Travolta, Stay'n alive an esou (stellen mer dech graat an Pate-Eléhant-Jeans fier genau esou danzen!!!)
nee, am Escht, as guer net menges, mais den Text as schon net schlecht !
waat mech dann zu dengem Kommentar hei brengt vun der Zensur fun dengem Bild :
Und einmal in der Wochen, jeden Freitag,
da wird er vom Waerter dressiert.
Mit'm Schwanz muss er dann wedeln und das Pfoterl muss er geben,
der arme, alte Wolf.
Einmal hat er bissen - drauf ham's ihm die Zaehn aus 'm Maul
aussegrissn,
dem alten, armen Wolf.
Marco, wann en e kennt, dee Musik mëscht, kann mam Text hei eppes flottes gemach gin, anescht ëmgesat mat Piano a Klarinett .... ok as en anert Thema
et freet mech awer dass de d'Lidd trotzdem tapfer bis zu lescht fäerdeg gelauschtert hues sos häss de net dee super Bezuch op eise Komitee kenne maachen ... pass op, lo kriss de Problemer
a Marco , ... merci fir déi Kommentar !!! , lo wées ech nämlech genau, dat net d'Bild, mé d'Musik viru kuerzem net duerch d'Zensur komm ass.
Ëmmer manner verdroen ech den Ubléck vun engem Déier deem et schlecht geet. Dat kënnt vläit mam Alter.
Ëmsou méi gefält mer dës Foto. Just den Titel gefält mer net, well et mat enger Polemik zesummenhänkt déi héchst bedauerlech ass. Menger Meenung no lenkt et vun der grousser Schéinheet vum Bild of.
Gogo, merci fir den Kommentar
Ech sinn awer hannerzecht dat et deem Klengen do net esou schlecht geet,
et war, gif ech soen, just en ganz traurege Moment ?
Den Titel an deng Polemik well ech awer elo hei net agoen
Gäer geschitt. D'Bild gehéiert zu mengen (absoluten) Favoriten.
A komm loosse mer d'Polemik einfach begruewen. Ech wéilt net hunn dat s de mer dofir béis solls sinn.