Wien net schon do war ass selwer schold... Deng Interpretatioun ass ganz flott an emol anescht wéi üblech vun engem Raum den awer schon europawäit op mannst sou oft geknipst ginn ass wéi d'Philha. Awer wéinstens mol eng Kéier aus engem aneren Wénkel wéi déi "Éischten" Foto déi et vun dem Raum ginn ass... Dat gesäit wéinstens mol net wéi eng Copie aus vun engem Bild dat et schon 2 Joer gëtt.
Mech freet et och mol eng nei Versioun ze gesinn. Ech denken du hues déi aner Fotoen vun do nach net all gesinn an dofir waars du onbefaangen dohin gaangen. Dat freet mech fir dech.
Genau! Just hei an Lëtzebuerg schéngt wuel keen dat ze kennen??? Et ginn Leit hei op PG déi dat international op Foren bekannt gemeet hunn. Ech gehéieren net dozou an distanzéieren mech och dovun. Déi Leit déi et waren wëssen vun wiem ech schreiwen... Um Flickr gesäit een dat trauregt Resultat dovun...
virwaat wellste net dozou geheieren? eppes geheim haalen as schein a gud, mee freier oder speider wessen awa vill Leit wou et as, an dann beiste dech awa an den a... dass esou vill Leit sou Siten visiteieren gin an wessen wou dei sin.
Sou Plaatzen zheien Leit emmer un, an verstoen deet een daat schons. Et gin "der" an "der".
Verstin awa gud waatste mengs!!
Ech hunn virun kuerzem een Killtuerm vun engem Kraaftwierk hei op PG gewisen. Dat war och déi eenzeg Kéier dass ech den gewisen hunn. An 2 Joer weisen ech déi aner Fotoen. Aus den alen "Urban Explorer" aus der Zäit huet sech eng Gruppe erauskristalliséiert déi vill Platzen visitéieren an se eréischt no 2 Joer weisen. Et gëtt nach vill ze kucken, awer et ass net schéin wann schon no 2 Méint ganz Europa dohin gepilgert ass. D'Platzen verléieren hiren Charme well se zu doud getrampelt ginn. Sou Platzen sinn just schéin sou laang se onberéiert sinn. Kuck dir d'Fotoen genau un dann mierks du wéi oft d'Miwwelen do schon geréckelt ginn sinn. Do gëtt et keen normalen Stepps méi weder nach Spannennetzer. Alles ass futti an oninteressant fir echten Decay ze fotograféieren. Et geet net drems fir eng Platz geheim ze halen nëmmen fir deenen aneren se fir ze enthalen. Awer de Problem ass dass den Massentourismus déi Platzen futti mécht an hinen den Charme hellt den se ufanks haten. An der Maison Heinen gëtt et keen intakt Spannennetz méi, weder nach Stepps... Ech hunn awer nach sou Fotoen déi een net um Internet fënnt....
Dach... ech waarden drop dass ech déi éischten Fotoen vun dem Kraaftwierk gesinn... Was ich nicht weiss, macht mich nicht heiss... Bis elo (nodeems et iwwert 6 Méint zou ass, hunn ech nach keng Foto gesinn), soss wier et wuel schon vun offizieller Säit zou.
Et muss een just sou Saachen fir sech behalen. Ech sinn emmer dofir verdäiwelt ginn, an hei ass een gutt Beispill fir wat ech dat emmer fir mech gehalen hunn. Aner Leit hei op PG hunn dat op ëffentlechen Foren verroden an dann ass d'Resultat leider emmer dat selwecht...
Edit: Dat huet awer elo näischt mat dem Feux senger Foto ze dinn... (Diskussioun ass Offtopic)
Nee nee, hat schon verstaan em waat et hei geet, well och gären eng Keier do hin goen, awer ereicht wann ech en 10-20 hun, soss gin daat och esou Fotoen wei ob dengem Link, an daat well ech vermeiden
Also... net kucken... Dem Gennaro seng Versioun vun der Trap ass op d'mannst schon 100 mol Kopéiert ginn. Meng Versioun vun dësen Raum hunn ech, mengen ech, nach mat Zäit verstoppt kritt. Et ass schued fir seng Foto, déi et elo schon genau d'selwescht an allen Versiounen gëtt (hell, donkel, flou, HDR, ouni HDR, méi Saturéiert, manner Saturéiert, etc.).
Verstin daat net, d'ass all Mensch dann probéiert genau dei selwescht Foto ze man, do get et jo awer bestemmt vill interessant Saachen an deem Haus, wou een sech seng perseinlech Foto kann réaliséieren, fir mech wuar den Hotel schon eng Aventuer, wann een awer geséit, wei alles zerstéiert get, ass net mei grad esou flott, an hun mol gesoot kritt, ech geing emmer flott Détailer entdecken, dann ass et jo am mengem Interessen dei ze weisen, an net eng Foto dei schons een aaneren gemeet huet
Voll an ganz denger Meenung _MiAmI_! Dat ass den Ënnerscheed zwëschen kreativen Fotografen an onkreativen Fotografen, oder zwëschen innovativ Fotograféieren oder een Plagiat maachen. Awer doriwwer sinn et och schon hei op PG etlech Diskussiounen ginn.