Do muss een einfach eemol an sengem Liewen gewierscht sin,
ganz flott Impressiounen,
déi drëtt gefällt mir am Beschten, bei 5 géing ech eventuell d'Liichter en Tick oofdonklen
gudd dass mer de Geroch aus dem Deiwel senger Kichen net matkréien, mee ech weess nach allzegutt dass et an der Nues fatzeg pikt
hmmm,
ech muss mengen Fiergänger widderspriechen.
Mir fehlt an all Foto en Eyecatcher an och en einegermoossen sënnvollen Bildopbau.
Bei der 4 keinnt ech mer nach fierstellen dat se gecropt an en Panokadrage gut geiff wierken.
Jein,
wei een et eben hellt, entweder daat ganzt Bild "as" den Eyecatcher, oder et besteht aus Elementer, wouvun eent den Happtsujet mecht.
Natierlech as der Konscht an der Loscht keng Grenz gesaat.
Hei fehlt eben epes waat t'An entweder fesselt, oder leed.
Dei 4t geiff ech bis enenrt dei Bamstämmt cropen, dann sin se mei am Fiergronnt an machen e gudden Eyecatcher, och wanns de weinst der flotter Perpektiv den fichten Deel wahrscheinlech net wolsl ewech huelen, menger Mehnung no brengt en naischt.
Den Himmel wier besser am drettel, well esou as mer ze weineg Himmel drop.
Bei der 5 keinnt t'Wasser den eyecatcher machen, mais verleeft net glécklech duerch t'Bild esou. Do misst den Bildopbau anescht sin.
Wanns de wierklech nemmen den Damp wolls an t'Bild setzen, dann fannen ech dat et net gelongen as mat desen Biller.
MbG