Net schlecht vir dei Eicht Biller, Bild 1 gefällt ma am allerbeschten hei, awa peur klengegkeeten kann een hei Besser man, ewei zum Bsp. Lënks an da mett um Bord ass eng Kleng Spetz ze gesin vun dem Dreschen Grass, hei e bessen anescht kadreieren oder eweschstepplen an enger Software.. Eng Ruhm oder eng douce donkel Vigniette gief Bild nach mei Opwärten hei..
Stemmt, déi Spetzt do lenks wor Mier nach guernet opgefall.
Fier eng Vignette ze man sinn ech nach net bewandert genuch mee op allefall en groussen Merci fier d´Kritik .
Bei der eischter schleissen ech mech dem Gianni un, bei der zweeter stéiert den Ascht an déi 3. ass ze wéineg vum Still riets. Ech fannen déi 2. am Flottsten .. Einfach bei daer den Ascht ewegcroppen an och uewen ee Stéck (sou dat iwweert dem Ascht). Den Bokeh gefällt mer gudd an och wéi den Halm an d'Diagonal erof leeft
Eng ganz flott Serie weis de eis do ! Fier deng éischt Fotoen hei, respekt, sin gespaant wat do nach kennt.
Ech fannen déi zweet och flott mat dem Ascht, affaire de gôut, ma déi drët kënnt ech mer gudd als Bilschirmhannergrond vierstellen.
fir mech ass dës Série e bessen onverständlech, daat éischt Bild passt net bei déi aaner, bei der Schärft an um Cadrage am éischte happert et nach e bessi,
ech muss awer lo soen, dass dat lescht Bild mir immens gudd gefällt, vlächt nach e bessi iwwerschaffen, nei cadréiren an eventuell horizontal spiggelen
Courage, et ass net schlecht, maach weider