Hei nach zwee Wëllef vun Merzig aus dem Wollefspark.
All Kritik ass wellkomm!
Ginn se di naechst Woch an den Drock fir an de Büro. Fléit kann ech nach eppes verbesseren?
Drop klicken w.e.g.
Merci icelady, gutt gesinn!
Dat war Owes ewéi et ugefang huet däischter ze ginn, an d'Sonn huet duerch de Besch erageschéint an dem Wollef d'Schnuff beliicht
Ech sinn emmer erem beandrockt vun der Qualitéit vun denen Teleobjektiver !
An awer och vum Photograph ! Mir gefaalen se allen zwou super, mais meng Präferenz leit och bei der zweeter.
600mm ass zwar schons impressionant awer naischt fir de porte-monnaie fir een Hobby- Fotograf wéi ech
Ech fannen se allenzou gutt, woubäi se ganz ennerschedlech Säiten vum Deier weisen. (Dat ass wahrschéinlech grad dat, wat des mini-Serie interessant mecht!)
Di sinn der allen zwou Super gelongen !! An der echter hues de him ritz schéin Platz gelooss wat mer ganz gutt gefält...iwwert dem Réck géing ech mol probéier en pur mm méi....wéi se dann ausgesäit....Un't Mauer gehéieren di souwisou an a meng Fav och !!
Fantastesch Opnaamen, trotz dem impressionanten Bléck vum Wollef op der 1. déi mir super gefällt fannen ech déi 2. nach een Tick besser, ass et wéinst dem Cadrage, oder wëll se manner bedrohlech eriwer kënnt, oder wéinst dem flotten Liicht op der 2., ech kann et net soen. Top Marc