Bis 1600 Iso ass nach an der Rei. Wat driwwer geet, do ginn dann awer vill Detailer verluer. Foto ass och net geschnidden oder gedeit. Dofir hunn ech se nach eenegermoosse hin kritt. Rauschen war och genuch dran. Mat der D800 sinn ech zwar ganz zefridden mäi meng D7000 hätt dat bis Iso 800 genau esou hin kritt. D800E wollt ech net well ech oft gelies hunn dass de den ënnerscheed just am Labor gesäis.
Merci fir d' Infoen. Mat ménger D3 sich ech waat heich ISOen ugeet jo ganz ze fridden, mä wann ech déi Opléisung vun enger D800 gesinn ginn ech dach awer schon neidesch
Ech sinn Technesch jo nach net esou wäit. An kann mir virstellen dass een och nach méi aus dem Fotoapparat kann erauszéien. An och nach eng besser Bea kéint hin kréien. Sinn awer der Meenung
dass dat wichtegt's de Fotograf ass an net den Apparat. An do muss ech nach vill leieren!
Ech sin keen Fan vun Photoshop a Co. ech hun am léiwsten d' Fotoen sou wéi se aus dem Apparat kommen. Virun allem ouni HDR, mä dat ass Affaire de Gout.
De Schleck ass mir awer eréischt um Ecran opgefall. An 20 Joer no enger Hochzäit ass op allefall vill méi Kontrast dran. Merci fir den schéinen Komentar gtaddei1
Villmools Merci mischii! Ech Dëlpes hätt se bei enger besser Luucht kennen Fotograféieren sinn awer laanscht gelaf well ech mol eppes neies wollt fannen. An sinn zeréck gaangen fir nach dat bescht draus ze maachen!
nujee, sou geet et ëmmer wann een um Tour ass, mir sinn och meeschtens wibbleg an da verpasst een daat Bescht, an duerno kéint een sech mam Fouss enzwousch hirennen!!!!
bon, mir geet et mol esou, ech mengen di Gedold muss ee léieren
Super déen Makro. Hei gefällt mir alles un der Foto vum Cadrage bis op d'Schärtft. Wien ass dann lo Männleinan wien Weiblein ? Flott och nach den Schléek uewen um Bildrand.
Gesinn, du hues den 150er richteg gutt am Grëff, vill flott Biller sinn dobäi erauskomm.
Sinn déi hei gemeet oder op enger Reess?
Ech fanne ni sou schéin Exemplaren, a wann ech op d'Sich ginn, fannen ech eppes Anescht, wat da méi Opmierksameet bënnt.
Just des Eintagsfliege Ass an Éisterräich gemaach ginn. An do muss ech mech och nach dofir schummen. Op der Terrass vun mengen Appartement. Soss sinn se op der Haart Gienzebierg an een pur an der Blooklaap ronderëmmer Diddeleng gemaach ginn. War läscht Woch och mol op Remerschen an hunn net eng Foto gemaach nix fonnt. Huel just de Makro mat dann kenns de net op aner Ideeën. Wann's de just moies un 6:00 an Owes wann Sonn schonn bal fort ass gees ass et schonn méi schwéier eppes ze fannen well nach näischt oder net méi wibbelt awer wann's de eppes fënns hues de Narenfreiheit . Bläulingen setzen awer oft héich am Gras an sinn ganz gutt ze fannen. Merci awer fir de Komentar Laurent
Villmools Merci Jacques Ech wollt se eigentlech guer net eropgelueden well Qualitéit mat iso2500 an enger 1/40 sek net méi di bescht ass. Freet mech dass se der trotzdem gut gefält.
Ech hat bal gemengt, si wier an der Mëtt gespijelt, sou verblüffend ass d'Symmetrie vun deenen zwee Bläulingen!
An dat Ganz op deem schéine rouegen HG.
Gefält mir ganz gutt!
Dat freet mech ze liesen den Hannergrond ass ëmmer besser ginn wat ech méi no erun gaangen sinn. Ass jo normal. Awer dat richtegt Verhältnis tëschent der Distanz an der Blend fir dass Déifteschäerft stemmt muss ech nach léieren . Merci gesot jorsch.