Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Op Besuch

Op Besuch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.01.2022
  • Gekuckt:
    14764
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    1466 KB
  • Originaldatum:
    2019
  • Fotoapparat:
    Hasselblad 500C
  • Programm:
  • Objektiv:
    Carl Zeiss Planar 100mm f/3.5
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91784]
Kommentar vum Fotograf:
beim Heidi (Berner Oberland)

Kodak Ektar 100 Mëttelformat 6x6 Negativscan
Paul-H 10.01.2022 - 12:52
Ass schéin do. Eng Landschaftsfoto am 1:1 schengt ongewéinlech mee hei passt et.
gemu 10.01.2022 - 12:56
Merci Paul freet mech ze liesen
tormi 10.01.2022 - 13:20
Salut,
beim Heidi ass et schein, do geheiren Landschaftsfotoen dobei. Hei eng Landschaftsfoto mat Poteau ... bon, ech gesinn elo net wierklech fierwaat deen mat drop muss sin, ech fannen et och schued well fier mech steiert deen.
Tom
gemu 10.01.2022 - 13:47
Merci Tom fir däin konstruktiven avis. Jo, dee Poteau...en huet mech och scho gestéiert bei der Opnaam a krut mam beschte Wëlle kee Bildopbau dolaanscht. Mee vu que daat et e Poteau vun der ganz aler Generatioun ass an aus dem "selwechten Holz" geschnëtzt ass wéi de Chalet an esou an d'Ambiance passt, hun ech awer ofgedréckt. Et ass eben wéi mat de Kranen an de Stied wou een se och net ëmmer eweg krit, di eng stéiert et (mech och) di aner net wëll se soen si gehéieren einfach dozou. Ganz éierlech ech sin och net ganz glécklech mam Poteau um Bild, als Kompensatioun lueden ech duerfir demnächst nach eng Landschatsfoto am selwechten Style "ouni" erop.
LG
Georges
tormi 10.01.2022 - 13:52
smile en Poteau vun der aaler Generatioun, daat gefällt mier smile
merci fier dei flott Erklärung, ech freen mech op dei nächst, mat oder ouni Poteau closed_eye
gemu 10.01.2022 - 14:42
Et voila !Dës Foto ass net méi am System!
tormi 10.01.2022 - 14:53
Chic!
gemu 10.01.2022 - 14:55
Merci Tom
marker 10.01.2022 - 16:02
Richteg gutt esou am Quadrat, ..an natierlech déi schéin 'dezent analog Faarwen', wann een esou ka soen. De Poteau stéiert mech hei absolut net. Ech tippen emol op Wengen?
Herrlech Georges!
gemu 10.01.2022 - 23:33
Merci Marc fir deng appréciatioun, richteg et ass Wengen
Nicon07 10.01.2022 - 16:45
Berner Oberland. Ass deen Numm, well do d'Kabelen nach iwwer Land vu Poto zu Poto gin?

(Soll ech dir eng haaën, Nico... géif elo méng Fra soe, bei sou enger Topechkeet bigsmile)

Flott, Georges! Ech wéilt, ech kéint mol neess eemol dohinner, an net nëmmen op Zürich bei eise Jong a shoppen.
gemu 10.01.2022 - 23:32
Ganz pertinent Fro Nico, ech machen dann lo mol meng next Fotovakanz am Kanton Unterwalden an da soen ech dir Bescheed closed_eye


Nicon07 11.01.2022 - 08:36
Soulaangs du net an de Kanton Appenzell Inner(r)hoden kucke gees bigsmile
gemu 11.01.2022 - 12:14
Du kenns dech jo aus an der Schwäiz wéi an denger Boxentäsch smile
Nicon07 11.01.2022 - 12:16
Déi do soutz! Merci fir di "repartie prompte". Sou ass méng Laun haut aus dem Keller scho bis op de Reedschoossee geklomm. smile
gemu 11.01.2022 - 16:46
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 268 Gäscht online