Merci villmols, Tom. Ech kann dir nëmme recommandéieren, eemol de wäite Wee rop un de Stau op déch ze huelen an dee Wee do kennenzeléieren. (et sief dann, du wars schon eemoo do) Maach et awer nit wéi ech, a vergiess nit ee Stativ matzebréngen.) D'Vibration Reduction kann zwar vill, awer nit alles.
Dovun oofgesin ass ët awer eng schéin stëmmungsvoll Serie. Wann ech ë bëssem blinzelen da kann ech mer baal virstellen du hess se mat denger Pentax 6x7 an engem Kodak TMax 400 gemaach a meng s/w Welt ass erëm an Uerdnung
Wann s du mir ee s/w Fim weis, deen een op 12800 ISO pusche kanns a wann ech et dann hikréich, fir mat der 6X7 fräihand ouni ze verwackelen eng scharf Foto mat enger 10 Sekonn ze packen, da maachen ech dat. Mais lo ass dat awer nit grad dra, well ech da mol fir d'éischt muss de Cinestill 50 verknipsen an dann drun denken, och ee Stativ mat anzepaken. Mais di Baach ass nach ëmmer do an et ass nach nit entdeet.
Kuck emol um Internet, do gin ët der déi den Ilford Delta 3200 bis op 25000 ISO pushen, bon d'Resultat ass éischter ënnerierdëg, bleiw also a sou engem Fall léiwer bei denger D750. Schliesslech ass de Fortschrëtt jo an éischter Linn do fir benotzt ze gin...
Also, wann ech ee Film scho "falsch" beliichte wëll, da pullen ech léiwer. Do ass dann awer méi Informatioun an de Schieder, déi ee beim Ënnerentwéckelen duerno trotzdem nach am Negativ dran huet.