Ech hätt méi eng kleng Blend gewielt fir och nach d'Hand + Pabeier scharf ze hun. Fir mech gehéiert dat Dokument nämlech zum wesentlechen Inhalt. An wéi den Metalbambi schon soot eben dass den Typ en Knacks an den Hoer huet *g*
1.)Et kënnt awer nët jidfereen einfach esou opt Rollfeld, ne du?
2.) Wisou hues de just verschidden Exif-Donnéen geläscht? Dat war jo wuel net zoufälleg
Fir den Rescht gesait se awer gudd aus, eben Flydoscope mässeg...
Ech wollt den haptbléckpunkt op sie lenken well et net su direkt wichteg ass waat daat fir e pabeier ass, mee d'frendlechkeet vum Personal sollt gewisse gin.
Nee d'ass net su einfach su dohin ze kommen, mee wuar jo do fir d'Fotoen
Hun den Exif net su wichteg fonnt, daat hätt hei o net vill geännert hei
Ech soen der villmols merci
Geseit wierklech gutt aus. Di typesch Luxair-Farwen an jo wierkt zimmlech natierlech. Keint mer su eng Foto an engem Prospekt vun der Luxair firstellen oder su
ech sin jo eng "Piddelerin" --> den Logo vum Fliiger geet him zum Ouer eran ))
fir den Rescht, wann een den Kontext géing kennen wier ët méi einfach
flott Faarwen, flott Perspektiv
just deen lacht mir awer zevill ... do freet een sech ... hmmmmm ass daat esou witzeg, dass den Fligger overbooked ass? oder esou
Nee daat ass eng vun de nei ugestrachenen maschinnen suwait ech matkritt hun!
De Kontext wuar d'Personal vum Fligher frendlech an kompetent ze presentéiren. Daat ass jo just eng aus enger Serie.
Ech soen der merci
Also d'Foto gefällt mer un sech gudd ausser:
- Hien laacht mer och zevill
- Hier Hand misst bessen erausgezunn sin. Sou mengt een se géng den Daum weisen
- Säin Kapp misst ganz drop sin
- an den Logo keint ganz drop sin, also net hannert dem Kapp. Et geet jo och em D?Luxair. Dann misst weinstens den Logo ganz ze gesin sin.
Hey, also ech hun mer elo mol den Flydoscope vun den Méint August/September ugekuckt, an do stellen ech fest dass së nët dran ass. Eng aus där Série (am Fliiger selwer) ass mat engem aaneren Här op Sait 126, Rubrik "On Board" ze fannen.
Bei eis kritt jidfereen een exemplaire op der arbecht. Du kanns wanns de wëlls mer deng Adress schécken, ech hun hei nach en ageschweesstent Exemplar leien, da schécken ech der en haut nach fort.