D'Schrëft (déi mir perséinlech net gefällt) ass net ganz lieserlech an vill ze grouss. D'Rumm ronderem géif ech och ewechloossen. Am Groussen ass d'Photo leider net ganz gudd vun der Qualitéit hier an schaarf ass se och net.
Waat de Sujet ubelaangt ass et amfong keng schlecht Idee, ma ech géif soen e bëssen aanescht emgesaat géif et vill besser eriwerkommen. De Sujet kënnt duerch déi iwwerméisseg grouss Schrëft einfach ennerdréckt. Wanns de géifs probéieren d'Schrëft méi kleng ze maan an uewen lenks an den Eck setzen - mat uewen an lenks 2-3 cm Rand - géiff d'Fieder besser rauskommen.
Wat d'Fieder elleng betrefft ass se mir ennen bëssen ze enk geschnidden mee soss gudd!
D'Faarwauswiel ass menger Meenung noo gudd!Just feelt et mir bëssen u Kontrast zweschen dem Buedem an der Fieder.
Fazit: Experimentéier vläicht nach eng kéier e bëssen méi Probéier d'Fieder méi an den Vierdergrond ze bréngen an d'Wichtegkeet vun der Schrëft mat "sacrifice" ze reduzéieren.