Schéngt mer wéi wann zevill Detail an de Schieter verluer gang wier. D'Roudtéin gesi mer och e bëssen iwwersaturéiert aus, mee déi Skikostümer sin jo well oft sou textmarkerfaarweg.
Merci fir deng Äntwert. Dat mat de Schied ass richteg. Do hunn ech mat der Iwwerbeliichtung e bësselchen iwwerdriwwen, obwuel ech op mengem Bildschiirm nach e puer Detailer erkenne kann. Bei de Fuerwen hunn ech d'Saturatioun esougouer nach rofgesat! Dat Gezei war wierklech esou orange.
verstinn net ganz waat detailer an den schiedter mat iwwerbeliichten ze din hun? wanns de iwwerbeliichts misst de grad vill detail an den schiedter hun. Daat gesait eischter aus wei wanns de ze staark op den kontrast-turbo gedreckt haes...
Ech hunn an der raw-Versioun mat 2 iwwerbeliicht. Doduerch ass d'Grenz tëschent dem Schnéi an dem Himmel verschwonn, an och dat bësselche Gras wat nach op der enger oder aner Plaz aus dem Schnéi erauskomm ass, ass verschwonn. Dat hunn ech gemengt,wéi ech gesot hunn, duerch d'iwwerbeliichten sinn Detailer verschwonn. Allerdéngs kanns de mat de Kontraster Recht hunn. Do hunn ech och dru gespillt
Jo wann eem dem Gloda sain Text gelies huet as mer et opgefall, mee mir as et dei eischten Keier net opgefall respektiv as et vir mech net esou tragesch
wanns de d'exposure eropziss gin d'schieter proportionaal mat eropgezun doduerch veraennert sech awer net d'distanz tescht den tounwaerter also kanns de och net wierklech vill verleieren (du kriss der heichstens mei weinst der linearer artaweis wei tounwaerter gespaichert gin). Kann mer just fierstellen dass eng manipulatioun vum Kontrast zu manner tounwaerter feiert...
Muss éierlech zouginn, datt ech mech bis elo nach net "esou" intensiv wéi du mat de verschiddene Parameteren vum Tounwaert an hir Ofhängegkeeten mat aner Parameteren auseneegesat hunn. Et schéngt mir awer der Wäert ze sinn sech méi intensiv och mat der Theorie ze beschäftegen. Merci fir den Denkustouss.