Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Faites vos jeux!

 
Faites vos jeux!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.01.2022
  • Gekuckt:
    373
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/15 - 1/30
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x1193
  • Späicherplaz:
    933 KB
  • Originaldatum:
    2021
  • Fotoapparat:
    Leica MA
  • Programm:
  • Objektiv:
    Leica Summicron 50mm f/2.0 (IV)
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91791]
Kommentar vum Fotograf:
Fujifilm Superia X-tra 400 Negativscan

Analognuetsfotoen hun e besonneschen Flair, a vill Potential bei der Entwecklung, ouni mussen op e Stativ oder op héich Isos oder esouguer op e Beliichtungsmiersser mussen zouzegräiefen; e liichtark Objektiv, eng ganz oppe Blend an eng Beliichtungszäit esou laang wéi een aus de Hand kann rouheg halen

Nicon07 13.01.2022 - 17:56
Di Foto gefällt mir ganz gutt. Dee Film huet di Luucht do propper opgeholl. A besonnesch och däi Choix fir "exposer pour les hautes lumières" ass hei och dee richtegen. Ech froe méch, wéi de Portra 800 hei reagéiert hätt.
gemu 14.01.2022 - 09:35
Merci Nico, ech hun och Opnaamen - aner Motiver - mat Portra 800, ech fannen awer dat den Fuji et mat sengen 400 iso et genau esou meeschtert, just mat manner grains. Ech hun awer net op d'Liichter exposeiert mee einfach drop lass wei uewen beschriwen an mat der Method si meng Nuetsfotoen all eppes gin, op mat Portra oder Fuji
Nicon07 14.01.2022 - 14:05
Wanns du d%u2019 »Cellule » vun dénger Leica gewärde liss, da exposéiers du dach op d%u2019Liichter, oder? closed_eye

gemu 14.01.2022 - 17:01
Meng Leica MA ass 100 procent mecanique an huet keng Cellule. Ech huelen am Daag en externen Beliichtungsmiesser a beliichten ëmmer op d'Schierder um Buedem a gut ass closed_eye
Nicon07 14.01.2022 - 17:10
An ech wetten, datt s du do ëmmer Valeure moosst, déi s du dem Gefill no souwisou och agestallt häss, oder?
gemu 14.01.2022 - 19:12
Esou ass et, am Ufank wéi ech mat der analog Fotografie ugefangen hun, hun ech fir all Foto eenzel d'Beliichtung gemooss, lo kontroléierren just wann d'Liicht ännert a souwisou bei menge Lieblingsfilmer z.B. Tri-x ass eng oder zwou Blenden iwer oder ?%u2039nnerbeliicht keen Ennerscheed, de Labo suergt dat d'Kiecht am Duerf bleiwt closed_eye
wuff 14.01.2022 - 11:41
Ech fannen dass déi Pastellfaarwen ganz gudd bei den Sujet passen
gemu 14.01.2022 - 17:02
Merci wuff, freet mech wa se gefällt

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Jump

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tungour8
Am Ganzen: 3706
keen Benotzer an 402 Gäscht online