Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» BegrĂ«ff Erklärungen »» Spiggelreflexkamera (SLR)
 
Spiggelreflexkamera (SLR)
SLR = Single Lens Reflex

Als SLR gett eng Bauart fun Fotoapparaten bezeechent, bei der d'Motiv vir d'Betruechten vum Objektiv iwwert en Spiggel, deen firum Sensor/Film ubruecht ass, op enger Mattscheiw oofgebild gett. Während der Opnaam klappt deen Spiggel dann no uewen, sou dass den Wee vir op den Sensor/Film frai ass. Wann d'Foto gemaach ass, klappt den Spiggel erem erof, sou dass een duerch den Sucher daat nächst Motiv sichen kann. Duerch deen System hun d'Spiggelreflexkameraen déi eenzegarteg Eegenschaft, dass een duerch den Sucher genau deen Ausschnett gesait, deen herno och op der Foto ze gesin ass.



Fir déi, déi sech naischt dorenner firstellen kennen oder et mei genau wellen wessen, hei nach en klengen Schema:



Motiv (1) gett duerch den Objektiv op den Spiggel (2) projezeiert, deen et op d'Mattscheiw (3) weiderleed. Duerch D'Sammellens (4) kennt d'Bild an den Pentaprisma (5) wou et dann nach 2 mol gespiggelt gett, vir dass et den richtegen Wee am Sucher (6) oofgebild gett.
Während eng Foto gemaach gett klappt den Spiggel erop (7) an d'Bild gett esou op den Sensor/Film (8) projezeiert.
Geschriwwen vum yoshi 19.09.2005, ass säit deem 30397x gekuckt ginn.
coolpix 23.09.2005 - 18:40
Den laechten Schema gefaellt mer ganz gudd. Selwer gemaach?
yoshi
D'Zeechnung hun ech net selwer gemaach, d'Zuelen hun ech dann wéi et bei main Text passt dobaigefleckt, an bessi an der Zeechnung just 3 Strecher baigemoolt an Farwen geennert. Allerdéngs ouni Copyright-Schutz ze briechen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 345 Gäscht online