Pop Art Foto | |
Hei eng Mannéier fir eng Foto als e Bild, a Richtung Pop Art ze kréien. Lenks hei d'Original Foto, riets d'Bearbechtung mam Photoshop: 1) Maacht är Foto am Photoshop op an duplizéiert den Background layer. Gidd dono an de Menu IMAGE, wielt do ADJUSTMENTS, an dann THRESHOLD. Stellt den Threshold sou an, datt een ärt Motiv nach gudd erkenne kann. (Ech zb. hunn Level 75 geholl) 2) Sicht iech dann eng Plaatz eraus, déi faarweg soll ginn. (Ech z.B. hu mam Mond ugefaangen) an huelt dat Instrument ennert dem Pfeil an der Tabelle lénks a sicht eng Faarw eraus. (Einfach an der Tabelle op e vun deenen zwee faarwegen Karoen klicken a d'Faarw bestemmen.) Mat deem gidd dir dann de Konturen vum Mond no. Vläit ass et am béschten wann dir do déi Original Foto huelt, well do Konturen nach am Beschten ze gesinn sinn. 3) Wann d'Mask fäerdeg ass, leet se iwwert all déi aner Layeren, falls dat nach net de Fall soll sinn. 4) Fir datt een lon nach déi schwaarz Konturen (duerch den Threshold) gesäit, gidd bei d'Layeren. Uewen riets am Eck ass eng Tabelle, wou normalerweis NORMAL drasteet. Wielt do DARKEN eraus a schon gesäit een déi schwarz Linnen duerch de roude Mond. Dono kann een nach mat der OPACITY spillen, sou datt et nach e bëschen méi duerchsichteg gëtt, zb. et erof op 95 % setzen. 5) Lo kënn dir nach all déi aner Saachen op dës Art a Weis fierwen (Aan, Hoer oder ganz Gesiicht) Zum Schluss kënnt dir nach en knallegen Hannergrond wielen. Maacht dofir en neien Layer, fëllt deen mat der Faarw a setze den Layer hannert all déi aner Layeren, also ganz ennen an Tabelle. A fäerdeg ass är Foto. Ech hoffen ech kount enger Rei Leit weider hëllefen, an dat op verständleg Art a Weis. Vill Spaass nach beim Bastelen. Verbesserungsvirschléi oder Kritik si wëllkomm, et gëtt vläit och en aneren Wee fir op dat selwecht heiraus ze kommen, mee den heiten schéngt mir mol net lt ze komplizéiert ze sinn. |