Annoncen-Revalidatioun aktivéiert
(04.01.2012 - 00:36)
Et hu vill Leit sech gefrot wéi laang Annoncen iwwerhaapt aktiv bleiwen, an och gemengt dass et géing stéieren dass een net géing gesinn wéi al se wir d.h. et wéisst een net ob et nach e Wärt hätt sech ze mellen bei dem jeenechen. Dofir muss een vun elo un seng Annonce all 2 Wochen revalidéieren, sollt een dat net maachen dann gëtt d'Annonce automatesch geläscht. Fir dëst ze maache kritt een automatesch eng System Noriicht. Esou ginn esou wuel Annonce geläscht vun net-aktive User, wéi och déi wou Material z.B. schonn verkaf ass, well den User dann drun erënnert gëtt an hien se bequem läsche kann.
Dat ganzt an der Hoffnung dass dëst den Annoncen-Deel e bëssen verbessert ... :)
(Ab muer muss dann mol all Annonce déi aktuell am System ass eng Kéier revalidéiert ginn, d.h. vill vun iech gesinn direkt wéi et geet)
Dat ganzt an der Hoffnung dass dëst den Annoncen-Deel e bëssen verbessert ... :)
(Ab muer muss dann mol all Annonce déi aktuell am System ass eng Kéier revalidéiert ginn, d.h. vill vun iech gesinn direkt wéi et geet)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
gloda
04.01.2012 - 08:14
Kritt een do eng Meldung wann et klappt? Bei mir koum just en # hannert d'Page URL stoen (http://photogen.lu/?page=sysmsg#) wéi ech op Revalidéiere geklickt hunn.
Johny
04.01.2012 - 08:56
Et ass méiglech dass de eng Kéier e manuelle Refresh muss maachen op der System Noriichte säit, verschidde Browseren cachen .js Dateien zimlech laang. Du kriss e klenge popup falls et geklappt huet, an duerno verschwënnd d'System Noriicht och.
Zodiac
04.01.2012 - 12:58
Klengt mol zimlech sennvoll. Hoffen mer op nach e puer gudd an sennvoll verbesserungsvirschléi
Johny
04.01.2012 - 17:45
18 Annoncen sinn doduerch scho geläscht ginn haut, dat nennen ech effektivt Raumen
Kwitchibo
07.01.2012 - 15:27