Liicht Ännerung beim Virschloën vu Wochefotoen
(05.11.2012 - 00:09)
Duerch verschidde Sachen déi eis an der läscht opgefall sinn beim Virschloën vu Fotoen fir an d'Ofstëmmung vun der Wochefoto ze kommen hu mer zwou Ännerungen elo mol agefouert, eng weider kënnt nach méi spéit no. Bis lo sinn folgend zwou Ännerungen mol aktiv:
1. Et muss een als éischt e Kommentar geschriwwen hu bei der Foto
2. Et däerf een nëmmen maximal 5 Fotoen pro Woch virschloën
An déi déi nach wärt nokommen ass, dass net just een duergeet, mee dass et mussen zwee Leit sinn déi d'Foto virschloen fir an d'Ofstëmmung.
Mir wëllen heimat vermeiden, dass zevill Fotoen an der Ofstëmmung sinn an d'Leit se net méi alleguer eecht kucken, an mir sinn der Meenung, dass d'Fotoen déi et wierklech verdingt hun mat an der Ofstëmmung ze sinn och trotz dësen bëssen méi strengen Kriteren nach dra kommen an d'Chance hun fir Wochefoto ze ginn.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Jeanny
05.11.2012 - 06:39
Eng Propose vu mir
Wäi wier et, wann dir gifft all Dag eng oder zwou Fotoe als bescht vum Dag eraus sichen, däi dann am Enn vun der Woch an Ofstëmmung kommen, als Foto vun der Woch.
( Dem Comitée seng Fotoe sinn ausgeschloss)
eng Idee vu mir

Johny
05.11.2012 - 09:37
Dat ass leider zevill Aarbecht fir eis, kaum een aus dem Comité ass all Dag online (mech ausgeschloss ), an ausserdem kann et jo och sinn dass mol op engem Dag 4 richteg gutt Fotoen kommen an op engem Dag keng, dat wir dann bëssen onfair (Ech weess, dëst ass och allgemeng e Problem bei der Wochefoto well een et och op 1 Woch kann esou gesinn, mee do ass de Risiko dass dat geschitt bei wäitem net sou héich)
Johny
05.11.2012 - 09:41
Mir waren eigentlech e bëssen onsécher ob dës Ännerungen net sollten ze schlecht ukomme bei eise Memberen, mä gutt ze liesen dass genee de Géigendeel de Fall ass, Merci
Jacques
05.11.2012 - 09:50
Ech fannen et ganz gudd Johny! Ech perseinlech sin hei op Photogen komm fir ze leieren an vun deenen Leit déi vill méi Erfahrung hun wei ech, ze leieren, an natirlech och aus Spass zum Hobby. Wann ech gesin waat hei verschidden Leit vun Fotoen machen kann ech nemmen soen"Chapeau"!
Gaga
05.11.2012 - 08:46
fierwaat net nach mei weit goen an soen : dei 10 Fotoen mat de meeschten "An t'Wochenofstemmung setzen"-klicks, kommen eran ?
Egal, ech fannen dei Decisioun ganz gut. Merci

05.11.2012 - 09:38
Och eng Iwwerleeung wäert, fannen ech eng interessant Propose. Mee ech denken mer kucke mol wéi et elo weidergeet, a wann dann nach Saachen net ideal lafen dann wir dat hei definitiv eng gutt Alternativ.
Fennec
08.11.2012 - 17:56
Jo, wann jiddereen kann "An d'Wochenofstemmung" uklicken, da fannen ech dat gud mat 10 klicks.
Gudd Idee
Gudd Idee
Fennec
05.11.2012 - 09:22
Daat fannen ech an der Reih, allerdengs geing ech direkt dei 3. Konditioun mat eranhuelen an nach liicht verschärfen, eegenklick ausgeschloss an 4-5 Klicks, well 10 Klicks ewei den Gaga mengt scheint mir e bessen vill.
sus49
05.11.2012 - 10:33
Bei der läschter Wochenôfstëmmung hun ech schon geduercht d'ass sou eppes sënnvoll wier. Déi laischt Konditioun ass awer och wichteg a sollt dobai sin
Schluck
05.11.2012 - 12:00
Ech kann dat nëmmen begréissen, hoffentlech hällt dann dat kannerescht Geigenseiteg "An d'Wochenoffstëmmung" klicken dann endlech mol ob, an déi Biller, déi ët och wieklech verdengt hunn ginn nët an der Masse ënner. Fir mech ass dat do schon méi laang Iwwerfälleg, dat huet een jo lo bei der läschter Wochenoffstëmmung gudd gesinn.
Johny
05.11.2012 - 13:40
Ech kann der nëmmen Recht ginn: Mir hu schonn virun 3 Wochen ongeféier intern iwwert dës Ännerungen diskutéiert an ofgestëmmt, just wollt ech lo an der Zäit vum Salon net nach ufänken Ännerungen um Site ze maachen, hat et also geplangt fir nom November ëmzesetzen, mee d'Ofstëmmung vu gëscht huet mech ganz séier dozou bruecht mer gëscht 15 Minutten Zäit ze huele fir op manst déi 2 éischt Konditiounen ze programméieren.
Gaga
07.11.2012 - 08:08
An weiengem Sënn Johny ? Hun ech epes verpasst bei der Wochenofstemmung ?
Ech muss zougin, ech klicken emmer schnell op de Link, kucken ganz schnell driwer an erenneren mech dann un t'Fotoen dei mer am beschten gefaalen, eng Sach vun 20sec max !
Ausser dat et relatif vill Fotoen woren des Keier, as mer awer naischt opgefall ? Woren se all vun dem selwechten ?

07.11.2012 - 09:34
Et ware 86 Fotoen an der Ofstëmmung an ongeféier 50 vun der selwechter Persoun virgeschlo
Gaga
07.11.2012 - 10:41
Wow, da mescht deen eben gut fotoen, oder net ?
50 Fotoen an der Wochenofstemmung ? Haat t'Läscht Woch 25 Deeg ????

07.11.2012 - 11:12
50 vum selwechten virgeschlo, d'Persoun déi virgeschlo huet hat der 50 dra gesat, net 50 vum selwechte Fotograf du Nicki
Gaga
07.11.2012 - 11:18
aaaahhhhhhh !
Ma dann haat en einfach en ganz sozialen Gout
Mais den Joke as jo aal, ech soot jo och schon, all Foto dierft an t'Ofstemmung
Ech hun och schon heiernsdo dei ganz "gut" Fotoen (zur zeit vun der Zensur duerch t'Freischalter) an t'Wochenofstemmung gesaat, nom Motto : Wann sou Fotoen erop kommen, dann mussen se epes hun waat ech iwersin !

07.11.2012 - 11:20
Du weess jo dass dat direkt fräischalten just eng Testphase ass ... déi Enn November eigentlech eriwwer ass?
Gaga
07.11.2012 - 11:47
mir gefällt dein EIGENTLECH
ech mengen, an insgeheim hoffen, dat jiddereen agesin huet dat et wierklech och ganz gut esou geht. Ob allefall sid dier (Comité, Admins an Freischalter) jo dei, dei epes gewonnen hun, keng Arbescht mei, keng domm remarquen, Froen an gemeckers !
t'Welt as sou schein dei läscht Wochen !

MR
07.11.2012 - 18:38
Gaga,
ech wollt dir just soen,
deng Idee ass déi bescht
déi ech hei gelies hun,
an ech sin dat mat dem
"Sozialen goût"
Lies weg . den Kommentar
den ech dem Johny ënnen
geschriwwen hun.
ech wollt dir just soen,
deng Idee ass déi bescht
déi ech hei gelies hun,
an ech sin dat mat dem
"Sozialen goût"
Lies weg . den Kommentar
den ech dem Johny ënnen
geschriwwen hun.
MR
07.11.2012 - 18:36
Johny,
ech sin dat mat dem "sozialen Goût"
wéi den Gaga dat esou schéin formuléiert huet.
Ech hun Bedürfnis e pur Wieder
derzou ze schréiwen:
Héi mäin eenzegen Beweeggrond
virwaat ech des Aktioun gestart hun.
Wochenoofstëmmung wéi se zur Zäit leeft ,
ass einfach gesoot:
"Egal waat" an do sin aner Léit jo och menger Meenung!
Do hun ech geduecht mat dëser Aktioun
kéint een vläicht eppes
bewierken.
An jo,kuerz no Metternuecht koum
schon iwweraschenderweis déi 1.
positiv Reaktioun.
Dat Ganzt geet an déi richteg Richtung
an ech fannen dem Gaga
seng Propos , fir just däi 10 Fotoen
déi am Meeschten an Wochenoofstëmmung geklickt gin ,
eranzehuelen super!
Sou, lo kann jiddereen denken wat en wëllt,
mee ech fannen sou eng Aktioun war schon
längst iwwerfälleg.
Sorry Johny ,
wann ech dir Aarbescht
gemaach hun,
mee du gesäis jo um positiven
Feedback vun den Memberen ,
dass et sech rentéiert huet,
an all Respekt fir déi schnell Reaktioun.
Iwwert dem Gaga seng Idee
géing ech an denger Plaatz nach eng Kéier grëndlech
nodenken, déi ass gutt,
an dann kimm keen Schrott méi an
Wochenoofstëmmung!

07.11.2012 - 18:49
Ma dann soen ech dir leider ganz direkt dass ech et bëssen Quatsch fannen fir soueppes ze maachen, wou Fotoen drënner leiden amplaz e Wuert virdrun doriwwer ze soen. Dat ass muttwëlles fir anerer ze nerven. Hei wéi et gaange wir wanns de z.B. am Forum oder per e-Mail gesot häss dass de mengs aktuell wir et net ganz gutt esou:
1. Du schécks e-mail/schreifs am Forum
2. Ech soen dir dass de Recht hues, dass de Comité der selwechter Usiicht ass an dass mir schonn Ännerunge geplangt hunn
3. Du wiers zefridde gewiecht dass mer op manst de Problem och schonn erkannt hunn an dass et gläich Verbesserunge géif ginn
4. 2-3 Wochen mé ispéit wiren dës Ännerungen aktiv ginn
Woubai e forum-post verglach zur email nach de Virdeel gehat hätt dass aner Leit, wéi de Gaga, hätte kënnen hier eege Virschléi bäidroen.
Dës Ännerungen si just esou séier no denger "Aktioun" komm well se schon geplangt waren, anescht wir dat nämlech och net méiglech gewiecht.
Ech sinn definitiv frou iwwert positive Feedback, an Aarbecht hätt ech egal wéi gehat egal ob et elo war oder bessi méi spéit am Joer, mee d'Art a Weis huet mer leider guer net gefall, do ginn et besser Méiglechkeeten
Dat mat am meeschte gewielt ass och net fair well eng Foto déi Méindes ropgeluede gëtt vill méi oft kann geklickt ginn wéi eng Freides. Dëse Problem ass de Grond wisou mer iwwerhaapt eng Ofstëmmung hun um Sonndeg mat all deene Fotoen, soss hätte mer direkt déi mat de meeschte Votes an der Woch zur Wochefoto kënne maachen Mir kucke mol wéi et no dësen Ännerunge weidergeet, well ech denken dëst dieft scho villes bewierken.

07.11.2012 - 18:55
Gelidden huet schlussendlech
keng Foto dorënner,
wëll Wochenfoto ass
wuelverdéngt un den Schluck gangen
Hat keen se iwwersinn
Get jo dann elo alles besser
keng Foto dorënner,
wëll Wochenfoto ass
wuelverdéngt un den Schluck gangen
Hat keen se iwwersinn
Get jo dann elo alles besser
Gaga
08.11.2012 - 09:57
Also ech hun jo Gescht den Owend schon e bessen vun der ganzer Actioun heieren. Ok, ech soen naischt well ech wor-sin jo och emmer den Rebell hei
Mais ech muss soen dat et mech freet dats de ganz offen zu deem stees an et hei och genau argumenteiers. Ob een daat elo well gut fannen oder net as jidderengem selwer iwerlos. Waat ziellt as dat een zu senger Sach steht an se an engem frendlechen, eierlechen Toun vertrett. (waat jo net emmer de Fall hei as )
Zu dengem Argument Johny,
also et as jo och gesoot gin fier mei Thumbs ze weisen, well eng Foto dei iwer 24h huet, get eh baal net mei geklickt, egal op se Meindes, Mettwochs oder Samstesowes gepost gin as. Mengen deen Avantage as net wierklech bedeitend. Natierlech wann et bis op t'Somem vun de klicks ukennt, as eng Foto vun Samstes Owes um 22.00 stark benodelegt.
Waat een dann zum Schluss feieren leisst, dei ganz Wochenofstemmung em eng Woch ze versetzen ?!?
Doduerch wieren t'Fotoen alleguer "mei laang hier", an ech mengen dat dann den fiersprong vun 5 Deeg net mei bedeitend as, well no 5-6 Deeg sin soufill Fotoen nokomm, dat kaum een nach esou weit zereck Fotoen kucken geht.
D.h. Dei Fotoen vun deser Woch, gin ereicht iwernächsten Sonnden de 18.11.2012 zur Wahl gestallt.
Klengt elo relatif komplizeiert an emständlech, mais ech denken dat et och t'Auswiel mei Objektiv, an mei interessant mecht, well et ememr gut as e Bild no enger gewessener Zeit nach eng 2t Keier ze gesin.
MbG

08.11.2012 - 10:20
Also sou op den éischte Moment gefällt dat mam Verréckelen mer leider net immens
Ech sinn awer der Meenung dass dës Ännerungen hei scho vill wärte bréngen, an éiert mer eis de Kapp zerbriechen ëm weider Ännerunge géing ech mol ofwaarde wéi et lo déi nächste puer Wochen ausgesäit

08.11.2012 - 12:06
Jo, as och net sou daat gielt vum Ee eng 2 Wochen aal Foto zur Foto vun der Woch ze wiellen
Mais soit, wei emmer wert dei ideal Leisung ouni defizit net existeieren. sws an enger Community hues de emmer de Problem dat een Vote nie Objektif as, dei eng kennen vill Leit an machen Reklam, aanerer net, an gewessen Sujet'en sin manner Interessant. Wann mer mol erem mei Modelshooter hätten, wier allt all Woch eng flott Moss derbai !
Emmer een Schratt nom aaneren, mir werten jo dann (???) bei der nächster Wahl gesin wei et geht !
PS: bei der Fehlermeldung "Du muss als eicht en Kommentar schreiwen ierts de t'Foto..." do leeft epes Layoutmeisseg net ganz richteg, oder ?

08.11.2012 - 14:00
Dann muss de eng Kéier manuelle Refresh maachen well déi Feelermeldung soll als Popup kommen
_MiAmI_
05.11.2012 - 13:04
Schleissen mech dem Schluck un !!
Hätt wk missten schons eischter agefouert gin !

Paul-W
05.11.2012 - 20:58
Ganz gut Idee !!
Et waren vill Fotoen an der Wochenofstemmung wou ech mech gefrot hunn virwat !
Vu mir war z.B. nach nii eng dran :-P
Dee Punkt dee wärd nokommen ass menger Meenung no dee wichtesten ! Souguer 3 Leit wiren keen zevill.

mischii
05.11.2012 - 21:21
Daum héich,
an de Schluck huet schonn alles gesot , wat ech och geduecht hunn

gi87
05.11.2012 - 21:27
Esh fannen et och ganz gudd d' Idee, an esh sen ma secher dass Verschieden Reultater anescht ausgangen wieren heinsdo wann Manner Fotoen an da Ofstemmung gewiecht wären...
Well eng net esou Excellent Foto kann 2 Stemmen kreien wou dann halt 2 immens Gudd Fotoen just mat enger Stemm bewert gin wat dozou feiert dass sech manner Gud Fotoen zumschluss esou virun deenen Gudden donoanscht schleichen... Wat Interessant wir vir Leit, dass een och de Voting gief no da Ofstemmung gesin, och wannet just 1,2 an 3 wier...
Lo kinnt een nach Spill nach ob e nexten Level brengen an dem een seet, wann Foto net mei ewei 150 klicks an Deier woch heut,dann kannse egalwei net Nommineiert gin vir an Wochenofstemmung, wat Esh Perseinlech als allerbeschten Filter gief gesin vir esou op dei Maneier, dei Interessant Foten wiekleg esou an Ofstemmung brengen ze lossen, dat mat den 2 Leit fannen esh nach ze schwach, well elo kann een dem Anneren hei e Gefallen man an dan op dem Wee halt dat ganzt Boykoteieren..
Well net de Spillversiewer sen, awa am Liewen kritt en halt nix geschenkt, an annescht gesin fiedert et mei den Ergeiz vir sech nach mei drun ze gin, vir wiekleg Eenzegarteg Biller ze Fotogafeieren..

micky-maus
06.11.2012 - 09:41
Salut, dem Gianni seng Idee matt den 150 klicks ann mei wei 3 Leid fannen ech och nett fair, esou kann eng gudd Foto dei Samsdes owens eropgelueden gett ann nett genuch Useren online sinn keng Chance kreien ant Wochenoofstmung ze kommen.
Ech Froen mech och weifill Useren nach 2 oder mei Fake- konten hunn fier sech selwer ze stemmen? Den Problem lait menger Mehnung och hei, ann deen ass schweier ann den Greff ze kreien.....

06.11.2012 - 12:14
Dat ass net Wouer, hun hei Fotoen gehaat, an annerleit och de Samsten, an owes woren dei Iwer 174 Views gewiecht... Also an mengen Aaen asset dran.. Bon 150 wor elo e virschlaach, an sot jo nit mir mussen oder et soll esou gemach gin..
Esh fannen et ma 3 Leit wiekleg mei Fair, wisou, ganz Einfach, wann eng koppel hei um Site ass, dann heut deen een oder anneren schon secher eng stemm, vir dem Johny seng propose vun 2 oprecht ze ahaalen, ass 3 dan mei logesch, well emmerhin nach emmer dann 2 Extern Stemmen giefen fehlen !
Bon mat de Fake Account ass ma och schon Opgefaal, mee bon, wei wel en dat Preifen, an de greff kreien ?