Haapt-site bleift leider nach offline
(29.01.2008 - 23:22)
Murhpy's Law: Whatever can go wrong, will go wrong. Während dem Upload vum Backup-Archiv (eppes wei eng .zip Datei) ass eppes schief gaang, soudass d'Entpaken vun dëser Datei elo net méigleg ass.
Dir musst ierch also nach gedëllegen, well ech muss elo alles nach eng Kéier eroplueden, des Kéier awer op eng aner Art a Weis.
Well et elo schonn immens laang dauert, dass PG net erreechbar ass, hu mer lo awer op manst de Forum rem online gesat, soudass dir alt do erem kannt schreiwen an liesen.
Den ass erreechbar hei: PG-Forum
An wéi der gesidd eben och den Newsblog. Vun elo un schreiwen ech dann hei soubal et Neiegkeeten ginn.
Eng nei Prognos ze maachen trauen ech mech éierlech gesot net méi well jo souwisou emmer rem alles schief geet, mee hoffe mer mol daat war lo dee läschten Zwëschefall.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
JADE
29.01.2008 - 23:43
daat geet schon ... ech wees daat ... sin ganz vertrauensvoll, obwuel ech nix verstin ...
elo mierkt een eréicht richteg wéi oft een awer op PG hung ... ...
an wéi gaeren een no neien Fotoen luussen komm ass ...
an wéi engem daat fehlt !
allez ... nach e bessi waarden ...
euhmmm ... wéivill mol nach schloofen ? ...

Jean-Jos
30.01.2008 - 13:34
Courage Johny a merci, wëll do sin awer elo Extraschichten ageluegt gin...
a wéi seet d'Jade sou richtég a gutt: "elo mierkt een eréicht richteg wéi oft een awer op PG hung ... smile ...
an wéi gaeren een no neien Fotoen luussen komm ass ...
an wéi engem daat fehlt !"
bis dann,

Johny
30.01.2008 - 15:16
Genee wéi de mullebutz och geschriwwen huet, et waren der puer, fir eis allen zwee A wann een dann mei wei 40h roplued an dann huet Datei e Feeler, do kritt een d'Flemm.
Ech war de Moien op Steesel bei root.lu fir do d'Fotoen direkt drop lueden ze loossen, lokalt Netzwierk. Den Upload do leeft nach me misst nach firun den Owend fäerdeg sinn, also desen Owend si mer secher rem online.

mullebutz
30.01.2008 - 15:09
Jo en pur extra schichten waren et schon an vill stress an dann kommen och nach sou CRC errors no souvillen stonnen gell Johny dann keint een flippen :p
Johny
30.01.2008 - 15:48
patti, lies mol mäi Kommentar den ech dem Jean-Jos als Äntwert geschriwwen hun
nikel
30.01.2008 - 15:54
Wer lesen kann ist klar um vorteil
Ok alles paletti... dh eis metsch leeft souwait rem stabill... Gudd geschafft. Mullebutz verkleeden mer eis fir fuesend als server du 1 heicht an ech 4

30.01.2008 - 15:57
Du verkleeds dech als guer näicht, de mullebutz an ech hu just d'Recht sech als Server ze verkleeden
nikel
30.01.2008 - 16:01
Lol ok... awer mat cd laafwierk do kans de dain beier dranstellen
Dann bastelt dir äer kostümer aus Pabeier an wann der iech nieweneen stellt an unfänkt sidd der eng firewall brüller

BlackPanther
30.01.2008 - 16:55
ojeeh...Murphy as nii gudd....
njah dir kritt daat schon nees an den greff...
fir mech as et einfa mol eng fun denen eischten WEIRKLECHEN PG pausen...onfraiwelesch!
nemmen go!
ech mailen dann den Zokker an dMelech....
thx 2 the working one's