Nikon D3X
(01.12.2008 - 15:58)
Se ass schonn erwaart ginn, an vill derzou ze soën gëtt et net, äusser: Et ass eng D3 matt 24.5 Megapixel, 5fps (7 am DX Cropformat), an ISO 100-1600 just (50-6400 gepusht). An dat fir ongeféier 7700€.
Hei méi Infos:
http://www.dpreview.com/news/0812/081201nikond3x.a...

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
klex
01.12.2008 - 18:54
Da muss ech mech awa mol äusseren awer
Ech verstin do eppes bei hiere Präisser net...
D'ass jo usech genau eng D3 just mat engem aaneren Chip dran.
Den Chip eleng kascht also mei wi 4000 euro?
Eng 5DMKII oder di nei Sony kritt ee fir manner wi 3000 Euro, mat 24Mpix chip?
Da géifen déi theoretsch jo nach 1000 euro dropleen wann hier Chipen och gifen suvill kaschten, an si gi suguer nach e Boitier mat dabai
Wan D3X gif 5500 Euro kaschten, dat wär verständlech. 3900 Euro fir eng D3 (hautesdaags) an dan nach 1600 Euro fir den Chip (an dann nach, den Vollformat Chip aus der D3 kascht jo och bestemmt net naischt?!?) also wär 5000 usech nach mei logesch... Da mecht Nikon bei all D3X déi se verkaafen nach emol bal 3000 Euro mei Gewenn wi bei all D3 di se verkafen?
Net ganz korrekt a mengen Aan...
Aanerersait muss ech soen, vun den Biller di ech bis elo gesin hun ass se (an dat soen ech net well ech Nikon hun) deenen aaeren Marken zwar e stéckschen firaus an der Bildkalitéit!
Schued dat een emmer nach den Kompromess muss agoen tescht gudd Räuschverhaalen an vill Pixelen.
Engersaits awer och flott well esou hun ech nach emmer déck de gudden a gesin nach absoluit kee grond ze wiesselen

Johny
02.12.2008 - 09:48
"Schued dat een emmer nach den Kompromess muss agoen tescht gudd Räuschverhaalen an vill Pixelen." <-- Dir muss ech jo sécher net erklären dass dat technesch ganz normal sou ass
benem
02.12.2008 - 10:23
Du muss awer och bedenken dass déi ganz Entwécklung vun dem Chip an den Technologien muss bezuelt gin. Et as dat wat dat ganzt sou deier mëcht, net d'Materialkäschten
Trotzdem ee Batz Geld!
Trotzdem ee Batz Geld!
Ledge
02.12.2008 - 10:36
Ech geng mol schätzen, dass sëch deen Präiss an 3 bis 4 Méint tëscht 5 an 6000¤ agependelt huet (sinn awer keen Nikon-Kenner). Vill Studio- an Fashionphotographen gräifen lo zou - se kënnen sëch ët leeschten. Et geet hei nët ëm wéivill den Chip kascht mee ëm den max. Profit. Soulaang d'Offer genuch Demande huet ass vir Nikon näicht falsch um Präiss...
arwa
02.12.2008 - 14:50
Den Preis leit - ënner - 7.000.- Euro !
daat bezuelen d'Leit jo awer och fir eng Eos 1Ds MkIII ,
a , wei den Ledge schon soot, d'Profiën kënnen sëch daat dach locker léeschten............... éen wei den Guido Karp huet en Tagessatz vun 3.900.- Euro (no éegenen Angaben ) daat mol sou als Beispill. Ech wées och, dat hien dovun nach aaner Leit muss bezuelen, mais bon !

Kwitchibo
02.12.2008 - 21:16
En Auto brauchs de awer mei wei eng Cam wou een mengen ech nemmen brauch wann een Profi as ...
et as awer kloer das een Getz och als Auto geif duer goen ...

04.12.2008 - 11:40
richteg, ouni lo unzeginn, en kleng Storie:
ëch hun mir virun ronn 13 Joer eng Rolex kaaft, hun ëmmer dovunner gedréemt, wëll, Auerfreak. Eng , wou éen awer, wann éen ët nët woust, ët nët direkt gesinn huet, nix prollo etc............ déemols hun verschidde Leit mëch fir verreckt erklärt, 80.000.- Frang, also 2.000 Euro fir sou eng Auer ze bezuelen. sou äpes kann éen jo och als Copie kaafen (sie hun do wahrscheinlech äpes nët verstaanen ))...) Wann ëch sie dann drop ugeschwaat hun, bei hieren Autoën, do geif ët hinnen nët no puer Dausend Euro Optiounen ukommen..................... nix mei !
En plus, fuer mat engem neine Auto aus der Garage/Händler, Wertverloscht ouni Enn !!
Ech hun meng Auer virun puer Joer vir 2.000.- Euro (kée Witz) rëm vekaaft an hu mir eng Eos 1Ds dovir kaaft, dei ëch no genée engem Joër rëm vir 2.000.- Euro verkaaft hun, hun 200 Euro drop geluecht an hu mir eng 5D kaaft.
Souvill zum Thema, deieren Auto vs. deier Kamera.
Ob éen daat éent oder daat aanert brauch, daat as relativ
en plus, 30.000.- Euro fir en neine Auto sin haut och nët mei vill !!