Photogen Update 1.5 endlech online !
(05.04.2009 - 01:45)
Voilà, endlech ass et gemaach, den Update ass online. Et huet zwar laang gedauert, mee schlussendlech ass en do. Vill Saachen hu geännert, vill Userwënsch sinn ëmgesat ginn, anerer kommen nach no.
Elo op zielen wat alles geännert huet, dat géif eng laang Lëscht ginn, hei awer mol de Résumé vun deene wichtegste Saachen:
- Et ginn System Noriichten iwwert déi een informéiert gëtt iwwer wichteg Saachen wéi z.B. dass een e Kommentar bei enger Foto geschriwwen huet, dass een een als Frënd bäisetze wëll asw. Astellen bei wat een do Bescheed kritt, kann een an den Astellungen
- Et gëtt elo zum Schluss vun all Woch (Sonndes) en Voting wou all user kann mat ofstëmmen, an zwar fir d'Foto vun der Woch. Hei stinn all Fotoen zur Auswiel déi während der Woch dofir firgeschlo gi sinn. Déi Foto mat deene meeschte Stëmmen, gëtt herno déi ganz nächst woch ugewisen riets iwwert "Random Foto". Ausserdem kann een och durno all Fotoen vun de Wochen kucken, sou ähnlech wéi deemols Topfotoen.
- Et kann een Leit als Frënd bäisetzen.
- Et kann een Fotoserien erop lueden, wou ee bis maximal zu 5 Fotoen kann matenene erop lueden, déi dann awer just als een Bäitrag gewise ginn an der Galerie. Soumat kënnen d'User déi ganz Serie kommentéieren an bewärten.
- Artikelen soll haaptsächlech e Beräich gi wou Leit kënnen hier Erfahrungen beschreiwen mat Material oder Software, an wou anerer dann hier Erfahrungen kënnen mat derbäi schreiwen.
- Kommentarer gi lo ouni Reload vun der Page gespäichert sou wéi et bis elo um Newsblog war.
- Favoriten: Jiddereen kann eng Foto als Favorit bäisetzen, an anerer kënnen dës kucken op der Usersäit.
- Et ass endlech méi en allgemengen Stil, net souvill Duergerneen wéi virdrun, ech hu probéiert mech un eng Linn ze halen :)
- Partneren vun eis kënnen um Home ënnert der News Sektioun selwer Banner erop lueden fir Aktiounen oder ähnleches.
Falls nach sollten iergendwou Problemer sinn oder et ass eppes net sou wéi dir mengt dass et sollt sinn, einfach mir eng E-Mail schreiwen op johny@photogen.lu
Vill Spass.
PS: En eegene Forum deen an d'Säit selwer gebaut gëtt, kënnt nach spéider no!

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Metalbambi
05.04.2009 - 01:50
En ass online... vier all dei wu et nach net sollten gemierkt hun!
Gut Ding will Weile haben, haat sech renteiert ze waerden! Good job!

gloda
05.04.2009 - 12:56
As super gin, vill nei Funktiounen déi ech mer gewënscht haat. An da sin ech gespaant wat déi aner Saachen sin déi nach geplangt sin.
arwa
05.04.2009 - 13:05
Respekt - Johny (an all déenen, dei évent. gehollef hun)
ët huet laang gedauert, mais, d'Waarden huet sëch gelount
(och wa bestëmmt nach e puer Kannerkrankhéeten optauchen,
wat jo awer och normal as !!)
sou gefällt daat mir - ganz gudd -

Hackel
05.04.2009 - 17:11
wow kann ech nemmen zu denger abecht sohen jonny! elo muss ech mech mol rem fannen hei war och eng zeitschen net mei hei
top Merci!!!
top Merci!!!
Masterpii
05.04.2009 - 22:01
Genial!!!
Applaus fir den Johnny!
Mir gefällt den "neien" Site immens gudd, waat ech bis lo gesinn hun! Erkundeschen lo mol den Recht!

Johny
05.04.2009 - 22:03
Ech soen iech hei alleguer villmols merci, et freet een ze liesen wann engem seng jorelaang (!) Aarbecht gutt ukënnt
Focus
05.04.2009 - 23:07
BlackPanther
05.04.2009 - 23:21
ben mir sen mengench all frou dassde soufill Zait fir desen "Projet" investeiers!sou hellsde ons bei Laun an ech mengn wann dei Upload+OnlineBilanz fun haut sou giff bleiwen, och beim kommenteiren! ;o)
seesde ma na wisousde et v1.5 nenns an net 2.0? (wou sen den 1.1,1.2,1.3an1.4? )

06.04.2009 - 00:12
1.1 1.2 asw sinn mat net sou tralala online komm .. well et si jo permenant Saachen um Ufank bäikomm. all Kéier zielt een am fong als eng nei versioun dann (ganz um ufank z.B. hat ee kee pn system )
An 2.0, also déi éischt Zuel, déi ännert réischt bei enger neier Versioun vun der selwechter Software, d.h. net just en Update. Vu dass hei awer nach grouss Deeler vum Code déi al sinn, an och den Design eigentlech nach dee selwechten ass, just am däischteren, ass dat nix 2.0, dofir misst PG ganz nei geschriwwe ginn

Treverer
05.04.2009 - 23:51
ich glaube, als ich vor 2 Jahren das erste Mal hier vorbei kam, war das Upload bereits im Gespräch
Aber das Warten hat sich gelohnt .... ich hab mir zwar noch nicht alles in Ruhe anschauen können ..... aber schon rein optisch machts einen viel besseren Eindruck und man ist vor allem nicht mehr so geblendet, von dem weißen Hintergrund
Danke
Dieter

Mika
06.04.2009 - 00:57
Dann och engkeier vu mir een decke Merci waat ech mi dacks kucke kommen, waat et besser gett
annemie
06.04.2009 - 01:02
Johny ass en Held!
TOP. Waat ech mei drop sin, waat den update mer emmer nach besser gefällt (ech hu scho laang keen error mei font :-P)
Ehm Chef: waat cool wier, su als Ergänzung fir Favoriten, wier...eng Foto empfehlen ze kënnen Oder gett et daat schon ouni dass ech et font hun?
op alle Fall *applaus* nach eng Keier!!

No_Saint
06.04.2009 - 19:16
Flotte Layout
Schwarzen Hannergrond: Top
E grousse Merci un Dëch, fir déi excellent Arbëcht !!

Poly
06.04.2009 - 23:13
De Layout gefellt, an passt genee béi meng "windowsastellung",flott och dass én wann eng äntwert am comment ginn huet, én ze gemellt kritt, gutt Iddi
Knipser
13.04.2009 - 10:57
All respekt, as einfach Mega ginn. Et ass emmer schwéier eppes guddes besser ze machen, hei as et super gelongen !