Thema: Chat and Fun |
Mika
Antworten: |
1.477 |
Hits: |
3.702.130 |
|
|
Ech weess nitt richteg wouhin dat hei setzen, mee ech wollt och keen extra Topic opmäechen. Mir sinn zu puer Kollegen amgaang eng asbl ze grënnen an plangen un puer Events. Dat éischt Event soll schon näechst Woch stattfannen, an mi engem klengen, gemittlechen Krees an der Sandkaul um Campus Walfer - wat lo haptsäechlech Studenten op der uni.lu respektiv Leit déi scho grad vun hieren Uni'en rem sinn usprecht, mee fir Leit vun photogen ass ëmmer Plaatz :-) Wéi dir ennen an der Beschreiwung kënnt leesen, hu mir och bëssen Plaatz fir Fotoen / Fotografen virgesinn. Dat ass eech ganz fräi iwwerlooss ze interpretéieren - et wäert eng Plaatz ginn, fir eng kleng Ausstellung ze mäechen (falls dir ee fäerdegen Projet hudd), dir kennt se matbréngen an firwat nitt beim Swap-Shop vertauschen, laanschtkommen, fir ee Projet virzestellen, bei deem dir villäicht nach Hëllef braucht an an an....
Mee och wann dir keng Iddi'en hudd fir äer Fotoen dës Kéier mat anzebannen, kommt einfach op een Drink laanscht! :-)
Facebook-Event: https://www.facebook.com/events/558752430805111/
Beschreiwung:
Cultural soiree @ Sandkaul, Campus Walferdange
Join us before the Christmas holidays for a cosy evening at the Sandkaul to meet, drink, chat, play music and swap books.
There will be:
- A swap shop for the needy:
Bring your unwanted books and clothes! If you have anything you don't want anymore take it along and swap it instead of throwing it away. Someone else may need it.
- An OpenMic for the courageous:
Feel free to recite your poetry or take part in a jam session. Instruments will be provided for.
- An exhibition for the artsy:
Bring your art work – be it a sculpture, a painting or photographs.
- A bar for the thirsty!
From 7 pm onwards at the Sandkaul on Campus Walferdange.
There's trains an buses (Bus 11) running until late.
Free and open to all, so do invite friends!
Organized by CIEL (Cercle International d'Etudiants au Luxembourg)
|
|
Thema: Neien Banner ? |
Mika
Antworten: |
7 |
Hits: |
35.157 |
|
|
Jo, et sprëcht amfong näischt dergéint?
|
|
Thema: Kommenteieren oder Liken ? |
Mika
Antworten: |
13 |
Hits: |
34.549 |
|
|
Nee, w.e.g. nitt! Dat ass ganz ok, wann een d'Fotoen op Facebook oder googleplus roplued, mee falls ee like-button kennt, sinn ech definitiv rof vun photogen. Du hues Recht, dass du sees, dass vill Kommentarer et nitt méi brengen respektiv guer nitt méi geschriwwen ginn (wat ech wierklech schued fannen, well ech hu vill hei doduerch geléiert!), mee dat an deng Fuederung läit a mengen Aan einfach dodrun, dass een och hei mëttlerweil zevill Mass un Fotoen huet...
|
|
Thema: Viirdeel oder keen Viirdeel ? |
Mika
Antworten: |
27 |
Hits: |
95.419 |
|
|
Oh freck, doriwwer hunn ech mir nach ni Gedanken gemeet
Ech gesinn et virun allem als Virdeel wann ee vill Fotografen kennt an wann ee vill zesumme Footen mäeche geet, well et kann ee just léieren. An ween sou drop besteet, eng Wochefoto ze kréien an dorausser ee sérieuxen Contest mécht, dee kann daat ganzt villäicht och bessen méi relax uginn :-D
|
|
Thema: Aal Meetings uweisen |
Mika
Antworten: |
6 |
Hits: |
33.411 |
|
|
Fannen ech och gudd! Eischtens fir d'Fotoen vun de Meetinger mei "konzentréiert" ze hunn an zweetens fir neien Leit ze weisen, waat sou leeft bei PG. Mee Johny, gut Ding will Weil haben ;-)
|
|
Thema: Waat ass mat menger Foto? |
Mika
Antworten: |
32 |
Hits: |
82.650 |
|
|
Oh Kanner gidd eenz...soss huet den Johny eech nitt präzis genuch erkläert, firwaat d'Foto refuséiert ginn ass, lo ass daat virgefäerdegt och nitt gudd. Soit.
Zur Foto: Ech denken, ech hätt se och nitt ugeholl. Ech muss soen, d'Geschicht rondrem ass wierklech intressant, an mir kéinten all dovunner léieren. Mee d'Foto als Reportage ass halt eben Limit, si ass aus photographescher Siicht einfach näischt extraes. Mee, daat ass och well gesoot ginn, Reportage ass een immens schwéieren Beräich, an do muss een einfach seng Erfahrungen maachen, bis een wierklech gudd Biller kritt. Aaner Motiver sinn do fir een Ufänger mi glécklech gewielt.
Ech wees och nach vum Ufank, dass et eben schwéier ass, daat op d'Foto ze brengen, waat engem selwer deen Moment gefall huet. Du kanns dech nach genau un de Moment vun der Foto erenneren an hues daat ganzt rondrem am Kapp, an daat feelt eis an kennt halt leider nitt op der Foto riwwer.
Et ass gudd, dass du gefroot hues, wéi a wou a waat mat denger Foto ass, mee ech fannen et awer rem nemmen trauresch, wéi hei gepöbelt gett...
|
|
Thema: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! |
Mika
Antworten: |
94 |
Hits: |
151.791 |
|
|
Waat ville Leit wahrscheinlech nitt kloer ass, ass dass den Johny daat hei alles fräiwelleg mécht!? Dofir fannen ech et säi gudd Recht, op d'Konzept, waat héi steet, ze "pochen".
Ohje...ech hoffen daat Geméckers hellt bessen oof, wann de System lo bessen geännert gett...
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
Jo ok, d'Betounung geet verluer, do hueste Recht
mee ech hunn awer d'Gefill, wéi wannste nach guer nitt richteg gelies hues, waat ech geschriwwen hunn, och wann et "hors sujet" ka sinn...
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
Du am Gebrauch vun "een"? Et muss nitt fir dech zeelen, ma du schings dech jo mol ferm ugesprach. Naja, egal wéi, mat däer do Method dréis du nitt grad vill zur Diskussioun bäi..
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
@Schluck
Egal obs du réischt grad ugefaang hues oder nitt, Fotografie ass Konscht, also bass du Kenschtler
An och Leit wéi den David Gilmour hu mat Akkorden ugefaang op der Guitar, mat einfachen Fangerübungen...mee si hu sech nitt ginn, si hu weider no neien Klangwelten gesicht an voilà , si haaten och nach bessen Talent ;-)
Ech denken, do wäeren och Concertshaalen, di hier fréier Gruppen refuséiert hunn, ma du kanns nitt virun däer Diir stinn an däi Leewe laang kréischen a meckeren...
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
@DarkRoom: Ech mengen du mierks daat och selwer? Also wann ech Loscht kréien, puer Fotoen hei ze kommentéieren, hunn ech och bessen Gedold neien Fotografen puer Saachen ze erklären, déi ech och wees. Mee wanns du dann awer 10 Fotoen hannerteneen hues, wou emmer einfach technesch Saachen, di ganz liicht duerch bessen Eegeninteressi ze verbesseren wieren, mangelhaft sinn, vergeet mir ganz séier d'Loscht um Kommentéieren...
@Schluck: Du akzeptéiers daat jo vun méi oder wéineger Onbekannten jugéiert ze ginn, andeems du deng Foto raschécks, vun dohier huet deng Ausso näischt ze soen...
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
Di beschten Fotografen, déi ech kennen, sinn meeschtens nitt zefridden mat hieren Fotoen...
Daat villäicht als klengen Denkustouss. Sécher, du kanns well vill Concours'en gewonn hunn, an der Know-How iwwert Joeren ugeléiert hunn...mee ee Künstler muss sech emmer selwer am beschten kennen kritiséieren, fir sech weiderzeentweckelen (den Dieter Bohlen schréiwt mat 3 Akkorder 50 Lidder, dei op mannst Platz 10 an den Charts kréien, awer musikalesch wertvoll, nennen ech Lidder vun Pink Floyd an nitt vun him ;-))
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
@Schluck, kuck einfach mol de Rapport wéivill Léit Fotoen roplueden an dann déi, déi an de Forum meckeren kommen, mengen da kannste dir all Poll erspueren
Photogen ass secherlech nitt perfekt als Internetsite, mee et gesäit een awer oft kleng Verbesserungen, den Johny ass eigentlech och bereed zur Diskussioun, mee jo, wéi schon x Mol gesoot, photogen huet een Konzept, an Leit deenen daat Konzept guer nitt passt, brauchen nitt ze kommen an probéieren alles emzerappen, mee sollen sech eppes sichen, waat hinnen gefällt!
Ech verstinn de Johny zimlech gudd, wou mir deemols ugefaang hunn eis Schülerzeitung opzebauen hu mir d'Konzept elendeg laang duerchdiskutéiert. Wou dat bis stung, hu mir un den Detailer geschafft. Du sinn puer nei Leit derbäi komm, déi wollten matschréiwen. An däer éischter Versammlung hu si sech fuerchtbar de Batti gestallt, waat dee ganze Schäiss soll, waat mir ee Konzept hätten, mir missten hei mir missten daat maachen. Fir si wäer den Zuch awer dunn schon fortgefuer a si sinn no enger Stonn rem fräiwelleg gaang... ech mengen daat hei ass zimlech vergläichbar, si hätten eis deemols kéinten hellefen un den Detailer ze schaffen, mee wann d'Grondgerüst bis steet, gees du nitt dru seeen...
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
Ech kenne mech lo mat deene ganze Cliib an der Fédératioun absolut nitt aus... mee wou ech zum Beispill ugefaang hunn mat Fotoen maachen, hunn ech mech eigentlech duerch Photogen décidéiert, Suen an eng anstenneg Ausrüstung ze investéieren, also daat ganzt méi eecht ze huelen. Ech hunn vill hei um Site geléiert, an ech hunn eigentlech ni dru geduecht an ee Fotoclub ze goen, obwuel hei an der Géigend mat Ettelbréck an Dikkrech zwee Clibb sinn, wou och Jonker engagéiert sinn... Ech wees nitt firwaat ech ni do dru geduecht hunn, mee fir mech wéist daat och bessen, dass villäicht nitt genuch vun de Clibb kennt fir Jonker fir sech ze gewannen...?
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
Mika
Antworten: |
93 |
Hits: |
165.640 |
|
|
Ech kruut och well laang näischt méi refuséiert (ok ech sinn och lo nitt den Dauerroplueder
), ma ech hunn awer kee Probleem, wann ech dann alt muss 2 Stonne wäerden ier d'Foto op de Site kennt, well se soll virdrun vu puer Leit gekuckt ginn...heiansdo deet et och mol gudd onerwäerterweis eng Foto refuséiert ze kréien, da mecht een sech wahrscheinlech méi Gedanken wéi wann een een méi oder manner konstruktive Feedback um Site derfir kritt ;-)
|
|
|