Thema: Kaafempfehlung DSLM |
TomS
Antworten: |
2 |
Hits: |
26.026 |
|
|
119 Klicks an keng Äntfert schued...
Hued sech sws erleedegt... hun mer eng Sony alpha 6000 kaaf
|
|
Thema: Kaafempfehlung DSLM |
TomS
Antworten: |
2 |
Hits: |
26.026 |
|
|
Gudde Metteg,
ech sin grad dobai meng komplett Ausrüstung ze verkaafen an well mer gären eppes mei klenges Kompakteres zouleen (Genre DSLM)
Ech hun mer eloe puer ugekuckt an sin bei folgenden Kamera'en hänke bliwwen
Waat keint där mer am Praissegment bis 1.000€ virschloen?
Merci
Tom
|
|
Thema: Panorama: Béiung vum Horizont :( |
TomS
Antworten: |
4 |
Hits: |
28.466 |
|
|
Moien alleguer,
ech hun deen Problem leider relativ oft wann ech mei Fotoen fraihänneg machen fier se speider zu engem Panorama ze stitchen, dass ech an der Mett vun der Foto eng Béiung vum Horizont hun.
Hei de Link zu menger Foto -> -Klick-
Elo meng Fro un eis PS-Experts: Wei kann ech dei Foto do nach retten? Ech kreien et iergenwei net hin
Merci
Tom
|
|
Thema: Op Foto Opmierksam man |
TomS
Antworten: |
167 |
Hits: |
672.788 |
|
|
Et as effektiv een kommentar dobai deen ech net zereckkommenteiert hun, an deen aanern haat ech privat kommenteiert well ech dei persoun kennen. Normalerweis kritt jiddereen eng Reckmeldung vun mär, an deen wärd ech net onkommenteiert loosen.
Zum Thema Loscht verleieren, ech verleieren och loscht wann een keen feedback kritt, well den Senn vun engem souengem Fotosite as unsech jo sech ze verbesseren, mä wann keen feedback kennt as daat schweier. Op allefall wuar daat am Ufank deen eenzege Grond gewierscht firwaat ech mech demols hei ugemellt haat, an eben och lo hei am Club sin.
Ech kann lo net behaapten iergendeppz ze knipsen an daat dann ropzelueden, ech mache mer schon emmer meng Gedanken drem an et stecht och Arbescht dran. Wann daat net sou ukennt, dass schengt et wei wann ech eppz geif falsch machen, an DO sin mer rem beim Thema Feedback.
Et as einfach nemme Schued dass Kommenteier bereedschaft sou ofhellt dass baal nemmen nach dei kommentarer kreien dei entweder "Perfekt" Fotoen machen oder dei Leit dei d'hallef vun de User vum Site perseinlech kennen.
As einfach nemme schued, an daat schued natirlech dann och d'Attraktiviteit vum Site, waat ech perseinlech immens Schued fannen.
Sou kennt et opallefall mol bei mär eriwwer.
Bon lo sin mer e besse Vill Offtopic hei wann nach eppz ass kenne mer jo per PM eis nach e bessen austauschen ;-)
|
|
Thema: Material Leinen |
TomS
Antworten: |
6 |
Hits: |
31.166 |
|
|
Merci, hun mer daat schon ugekuckt, mä leider hun se keen Fisheye fier Canon :-/
Wei et schengt muss ech dann wuel ouni auskommen
|
|
Thema: Material Leinen |
TomS
Antworten: |
6 |
Hits: |
31.166 |
|
|
Hmm ok kucke mol
Wann een hei mer fier 4 Deeg een Fisheye Objektiv (fier Canon) leinen keint, hätt ech natirlech och nix dogeint
Wär natirlech och bereet eng Kautioun ze bezuehlen
Iwwregens war daat doen net meng Idee
Daat gesidd der dann nächst Woche (Wann wieder et zouleisst)
|
|
Thema: Material Leinen |
TomS
Antworten: |
6 |
Hits: |
31.166 |
|
|
Moien @ ALL
Ech wollt mol froen ob et hei an Letzebuerg iergendwou meiglech as sech Material ze leinen?
An mengem Fall wär et een Fisheye Objektiv. Eischtens well ech et mol ausprobeiere weilt, an zweetens well ech en Mettwoch op Berlin fleie an e puer Ideen dofier hätt
Merci
Tom
|
|
Thema: 45+ Soirée |
TomS
Antworten: |
9 |
Hits: |
35.462 |
|
|
Ech wier gäre komm, mä kann leider net :-/
|
|
Thema: Méih Sproochen fier d'Site |
TomS
Antworten: |
17 |
Hits: |
38.723 |
|
|
Ech kann mech mengen Virriedner nemmen uschleissen.
Et handelt sech hei em een Letzebuergeschen Site an een Letzebuergesche Klub.
An ech fannen dass mer eis zu Letzebuerg schon Vill ze Vill un d'Frontalier'en ufgepasst hun. An dass dese Site op allefall op Letzebuergesch bleiwe muss! Wann mer lo ufänken den Site op Franseisch ue iwwersetzen geife wahrscheinlech mei Leit kommen, mä domadder och Letzebuerger verdreiwen oder ween hued hei loscht sech nemmen nach op Franseisch ze ennerhaalen oder iwwerall "En Français svp?" ze liesen?
An wann een sech wirklech dofier interesseiert an ech huele mol un dass dei Leit dann och hei schaffen an hier Suen verdingen, firwaat leieren se dann keen Letzebuergesch?
Ech kenne keen Franseischen oder Belge Site deen seng Sait op Letzebuergesch iwwersetze geif...
Tom
|
|
Thema: Mattscheif ersetzen |
TomS
Antworten: |
7 |
Hits: |
30.018 |
|
|
Zitat: |
Original von TomS
Ech haat zimleche stepps an fusseln drop, an wollt daat selwer machen andems ech se ausgebaut hun, an elo, naja gesin ech net mei Scharf aus menge Sucher an en plus dei 9 Messpunkte um Miessfeld gesaid een och net richteg respektiv se sin deplaceiert.
|
As rem alles scharf, just eben nach voller Stepps an natirlech duerch daat ganz gefummels eng kleng schreib an der Mattscheif...
Never touch a running system...
|
|
Thema: Mattscheif ersetzen |
TomS
Antworten: |
7 |
Hits: |
30.018 |
|
|
Gudden Nowend alleguerten,
ech wollt froen wou ech meng Mattscheiw (Mattscheibe) vun menge Canon EOS 400D keint gewiesselt kreien?
Ech haat zimleche stepps an fusseln drop, an wollt daat selwer machen andems ech se ausgebaut hun, an elo, naja gesin ech net mei Scharf aus menge Sucher an en plus dei 9 Messpunkte um Miessfeld gesaid een och net richteg respektiv se sin deplaceiert.
Ech wees am beschten hätt ech den Stepps, Stepps sin solle loosen, mä bon
Kann iergendeen mer een Geschäft empfehlen oder gett et vun Canon een Reparatur Service hei an Letzebuerg?
Hoffe just dass ech meng Kamera net ze laang lass sin :-(
Geif mech freen wann der hellefe keint.
Merci
Tom
(Sry wosst net wou ech den Thread opmache sollt... Wann et falsch soll sin dann moved et w.e.g
)
|
|
Thema: Ech war am neie Saturn |
TomS
Antworten: |
22 |
Hits: |
65.110 |
|
|
Naja ech wuar och den eischten Daag do, an sou oft wärd een mech do net gesin...
Als Letzebueger fillt een sech schon quasi diskrimineiert...
Alles as op den Franseischen Marché zougeschnidden...
DVD'en, CD'en, Software, Filmer, Spiller sin alleguerten op Franseisch! ech hun vlait 2 DVD'en op Daitsch fonnt...
Laptop an PC Tastaturen zu 98% AZERTY!!! (Bekannterweis as an Letzebuerg Franco-Suisse Standard!)
Diskrimineierung puer... Meng Meenung
Tom
|
|
Thema: 45+Concours |
TomS
Antworten: |
26 |
Hits: |
76.486 |
|
|
Zitat: |
Original von patrickr
Eng foto muss net "perfekt" sin vir en éischte Präiss ze gewannen!
As dat sérieux gemengt? |
waat as schon perfekt? Perfekt gett et net
ech feieren lo mol main debüt beim concours
hun meng foto mol geschter ropgelueden, sin gespaant waat erauskennt
bonne chance @LL
Tom
|
|
Thema: Op der sich no engem Objektiv |
TomS
Antworten: |
7 |
Hits: |
32.175 |
|
|
jo merci
muss kucken waat budgetsmeisseg bei mer dran as
vlait fannen ech och iergendwou eng occasioun
|
|
Thema: Op der sich no engem Objektiv |
TomS
Antworten: |
7 |
Hits: |
32.175 |
|
|
Merci
wärd mer dei Saach mol ukucken
Muss mer fridrun nach e puer aaner Sachen uschaafen
MfG
Tom
|
|
Thema: Op der sich no engem Objektiv |
TomS
Antworten: |
7 |
Hits: |
32.175 |
|
|
Moien un alleguerten,
ech hun mer och lo mol eng D-SLR Kamera kaaf, genauer gesoot eng Canon Eos 400D (Kit).
Well ech lo nach net souvill Erfahrung an deem Bereich hun, wollt ech hei mol froen ob een mer hellefe keint bei dei Auswahl vun engem neien Objektiv.
Unsech sin ech op der sich no engem klengen Allrounder, wou ech Makro Opnahmen machen kann, mä awer och ouni greisser Problemer anstänneg Landschafts-/Portraitfotoen.
Daat ganzt sollt awer an engem nach bezuelbarem Rahmen bleiwen, well ech mer lo mol Kamera ugeschaaft hun
Merci
Tom
*Edit* Sin natirlech enger Occassioun och net ofgeneigt, falls et een hei sollt gin, deen sain't net mei braicht
|
|
|