All Fotoen an dëser Serie:
Fotograf:
Eropgelueden: 08.11.2010
Gekuckt: 30918
Favoriten:
Kommentarer: 24
Originaldatum:
Fotoapparat:
Objektiv:
Kommentar vum Fotograf:
Der Reih no:
1)Carpilius convexus ( Varaiable coral crab) op enger Nuetsplonge gesin, e warbessi genervt vun eis, en as verzweieflt em seng Korall gelaaf fir sech ze verstoppen)
2)Pterois volitans (Lionfish, oder Feierfesch) de sutz do ze lungeren. Stachelen vun him si gefteg, mee net déidlech wei all Mensch seet. Wann e gepickt gouf, soll et anscheinend just gudd brennen.
3)Cheilinus undunlatus (Napoleonfish)dee war bessi begeeschtert vu mär, dei si freier vu den Tauchguiden mat haartgekachten Eer ugefiddert gin an hun haut nach e Faible dofir (mettlerweil as mam fidderen opgehaal gin well rausfonnt gin as, dass se doduerch krank gin). Wei ech en dunn geknippst hun, huet e geduet den Diffusor op mengem Bletz wier en Ee a wollt en dunn buffen, ech war richteg gudd erféiert an et as net evident en 2m Täissel ewegzedrécken.
4) Amphiprion bicintus (Red Sea Anemon Fish oder och Nemo genannt) ;) deen wollt op Ach und Krach seng Anemon verteidegen. Fir mech dei tapferst Fesch am ganze Mier, well dei attackéieren alles waat hiere Annemon ze no kennt, egal wei grouss et as :)
5)Taeniura lymma (Bluespotted Stingray aka Blaupunktrochen) Dei leihen am Sand a faulen do viu sech hin, mee net ze nokommen oder nerven, se hun 2 Stachelen dei gefteg sin.
Sou genuch mat der Fischkunde;), hoffen Fotoen gefaalen :)
|
|
Neisten Benotzer:
nazaretalaragonAm Ganzen:
3728 keen Benotzer an
528 Gäscht online