d'Substanz vun denger Foto gefaellt mer immens gudd!!! ech fannen flott wei d'Linnen vun dem helzene Buedem de Bleck foermlech an d'Bild erasuckelen. Den HDR ass der a mengen Aen allerdengs net ou gudd gelongen ... rondrem d'Heischhaus hues de een extreem staarken halo deen immens de Bleck op sech zitt an vun der gudder Foto ooflenkt .. e bessi manner staark an dem beraisch opgedroen an da wier daat fir mech eng super Foto
War d'läscht Joer am Abrell do, géif direkt rem zreck fléien. Wanns de do bass da géi mol an den bhphotovideo, respektiv och e gudden a wer méi klenge Buttek ass den willoughbys.
majo dann waert ech emol do laanscht luusen goen. Hun mer schons um Internet dei Butteker emol ugekuckt. Wei gesoot daat mat der Rumm as eng Affär de Goux weis de schons soss. Foto an sech gefällt mer ewer super
Kaaf just kee Fotomatérial an den Butteker um Broadway. Meeschtens Groimporter. Hun mäin Wäitwenkel (+/-350 EUR+taxe (hei 499.-))+ mäin Blëtz(230 EUR+taxe (hei 350 EUR)) do kaaf. a super service. A pass op der Douane op. Ech hu meng Saachen déklaréiert an haat +/-80 EUR Taxen, an nawell vill mi belleg wéi hei. Huel och vun dengem Matérial eng Copie vun de Rechnungen mat, well d'Beweislaascht läit bei dir an net bei hinnen!!!!
Motiv gefaellt mer zimmlecg gudd an ass och relativ gudd ausgeliicht, mee um Himmel bas de bessen vill gescheitert. An dei Rumm do passt net wiekelch bei d'Foto.
Ma en geseit net realistech aus, et ass keen Kontrast mei do wou en soll sin, vun den Wolleken ob daat Blot, hues en zimmlech staerken Halo dran an et sin su lusch moove Hallefkreeser dran (z.B. rondrem daat mettels Heighaus mat der Glasfront).
Ass d'Sonn do hannendrun ennergaang, geseit zimmlech sou aus?
Den Halo ass duerch den HDR-Effekt, war e bessen iwwerdriwwen, gin ech zou, huet mir awer gefall. D'Sonn stong zimmlech héich, a vill Woleken waren net um Himmel. Hei kanns de eng ähnlech Foto gesin, do gesäis de och bal keng Wolleken (ausser déi puer op der lenker Säit). http://www.flickr.com/photos/ludiol/2886094236/, an den Himmel war sou blo. Me bon wann et dir net gefällt respektéieren ech daat. Jidereen huet säin Goût.
D'Foto u sech gefaellt mer jo, mee fannen daats de mam teschnechen Deel nach bessen Uebung brauchs. En gudden HDRI ass een wou een net direkt geseit daat et een ass an een et reicht miekt well et sou muss sin vun der Beliichtung hier. Ass learning by doing, faellt kee Meeschter vum Himmel.
Mat der Rumm a mam Himmel scheeden sech d'Geeschter. Di eng fannen et gudd, di aaner manner. Beim Himmel hätt ech effektiv den Halo bessi manner staark kennen maachen. Hun d'Photo am 80*60 bei mir doheem hänken, a vill fannen se gudd sou (och Fotografen). Awer wéi gesoot jiderengem senges. Awer merci fir d'Kommentarer.
Egal waat dei aaner soen, ass an bleift eng Cool Foto. Daat Fuarwen net 100% Authentesch sin, mecht den Speziellen effekt vum HDR an Haloen gin der Saach nach mei Pepp.