(... mir faalen keng wierder ausser : Supercalifragilisticexpialidocious ... sin daat iwerall sichen gaang am internet daat wuert... an daat seet schon vill wei gäeren ech dess foto hun.... top du top !!! )
((Sin City leisst greissen ))
Ech fannen den Reen Filter as nach en bëssen ze gläichméisseg. Vläit wier d'Wierkung méi natierlech wanns de den Filter zwee Mol op separaten Layer gesat häss an een vun denen zwee liicht rotéiert häss sou dass net all d'Drësen an déi selwecht Richtung fléien. Wanns de mer lo seess dass et echten Reen as dann war dat nawell zimmlech luscht Wieder dohannen.
Soss sin d'Filter anstänneg dezent ugewandt, Respekt dovir, oft gin d'Leit e bëssen iwwermiddeg wann se en en Effekt entdecken, an aus dem Dag Nuecht ze maachen ouni dass et direkt opfällt as och net sou einfach. An et as och gudd dass de drun geduecht hues eppes Interessantes an all Ebene vum Bild ze hun, Virdergrond, Haaptsujet an Hannergrond.
Alles an allem en zolitt Bild wou alles zesummen passt. Chapeau.
Merci gloda! ech waert mer daat zu Haerzen huelen mam Ree Filter... ech hun daat geschter fir d'eischt probeiert an et ass secherlech nach ze verfeineren ( a ganz kloer et war weder Reen nach Nuecht wei ech dei Foto gemaach hun mee eben einfach ee Wollekegen Nometteg an Holland )
Also och vun mer dann nach eng Keier. Genial, mega, beis Foto !!!
Och wann lo schon baal alles gesoot gin ass was de am PS gezwaft hues, geing ech et cool fannen wanns de en verglach Bild geings roplueden, mat originalfoto + dei heiten, oder eben just original. An fleit mol genee soen waas de alles geennert an dobeigesaat hues, fir dass jiddereen sech hei eng tranche kann roofschneiden
o daat do gefällt mier och immens gutt!
De Garry an den gloda hun natierlech Recht, mee ech muss dier éierlech soen, dass mier daat emol nët esou opgefall wier... mee ech kennen jo och nët vill dovun!
Wéi gesoot gefällt däin Wierk mier immens gutt!
schon alles gesoot gin, ech fannen foto oder besser gesoot verarbechtung nemmen geil.
mech geif awer och deng original foto interesseieren, fir een before an after