jo, hun d'Originaalt gesinn an si sin leider wierkleg esou di Wolléken....probéieren ze clonen.
Ech hun eng Fro Gilles an matt denger Erfaarung kanns mir villaicht hëllefen: wier et méigleg dass ech di 8 Fotoen déi ech hei gebraucht hun, am HDR ze shooten an dann réicht stitchen? wären d'HDRen selwecht beliicht wann d'Astellungen identech bleiwen am Photomatix?
Hei een Deel deen Ech den selwechten Daag photografiert haat am HDR Bliss
Fir HDR Panorama'en kann den Shantideva der déi beschten Tipps gin. Souwäit ech weess kanns de awer Fotoen mat den selwechten Astellungen fotograféieren an verschaffen fir dass se dono propper kënne gestitcht gin. Ech mengen den PTGui huet awer zB eng Funktioun fir HDR Panoramaen direkt ze verschaffen an ze stitchen.
jo daat geht, as jo genau daat selwecht wei wanns de en HDR panorama stichs !
siehe dem xaph seng galerie (zb) :
!Dës Foto ass net méi am System!
an weis de schon gesoot hues muss de als eicht deng RAW als DRI verschafen an dann den stich machen, den aaneren wee kriss de eichter problemer !
ganz vill d'Léit machen zeg Biller mat zeg Zéiten, an dé allermannsten brauchen et. Ech selwer machen nëmmen eng Serie wann immens héich Kontrasten am Sujet sin, ... direkt Geigeliicht,... an eng hell Fenster eran,
an esou weider.
wann ech dat heite kucken, kommen ech eng Kéier bei dech an d'Léier
richteg flott (erem)
ech soen dir em waat et geet: wann ech esou een pano maan, mussen die eenzel Fotoen all d'selwecht beliicht sin, an all Kéiers wa Sonn do ass, as deen Deel vum Himmel iwwerbeliicht....wann Ech d'Sonn géif gudd drop kréien (wéi zb op deem HDR Beispill "Bliss", dann wär de ganze rècht ennerbeliicht...Dofir muss Ech erausfannen wéi een e pano am HDR mëcht ...
Bei mech an d'Léier? ehmmm... éichter emgedréint...merci awer
jo, bon wanns de direkt an t'sonn knipps geht et wuel net mei mat engem RAW duer, zumols wann dann och nach heiser do stin, dei dann hier schietseit weisen ...
mais egal, ops de een RAW mat verschiddenen beliichtungen speichers, oder eben e puer fotoen mechs, et geht egal wei !
merci...probéieren daat démnächst och. Also 9 x 6 Fotoen daat sin der e puer...dann muss ech just ganz schnell sin oder d'wolléken an d'Sonn mussen esou laang stall haalen
Gefällt mer ganz gudd dat do. Richteg gudd Aarbecht geleescht.
Ech wert dat och mol probéieren, firdéicht ouni Fisheye, och wann et mat mi einfach geet.
merci David....Mä gléff mir et...ouni ass et vill méi Aarbecht....meng éicht haat Ech 48 biller bei 18mm gebraucht vs 9 matt engem 10,5mm (DX)...vill Spaas
Jein... also Ech hun meng bis elo Handheld geholl an de Nadir (ennen) och geknippst an meng been/schiet eraus retouchéiert...natiierleg hun ech geléiert meng positioun sorgfällteg erauszesichen (nët op musteren/zillen, plättercher usw)....eng aaner method ass méi präzis: Een stativ 9 Biller, 6 ganz ronderem all 60° eng foto (matt fisheye) an eng vum Zenith uewen, an 2 fir den nadir (1 richt erof an die selwecht em 180° dréinen). Di 2 biller an 2 ebenen am PS iwwerteneen léen an d'stativ eraus maskéieren...hoffen daat hëlleft der weider.