op jidferfall ass ët an den Spidäler roueg, mee ech wéilt nët do schaffen wann se alles (d'Operatiounen) nohuelen mussen
daat gëtt deen Rythmus an deen Stress!
virun zwee Deech ass en rdv beim Zänndokter
ofgesot ginn, Mëtt Januar ! e neie kritt *gg*
Lo sichen ech en Aneren, deen engem Aneren
Een rdv ofgesot huet
nee elo serieux Stress gëtt et bestëmmt,
vir Dokteren Personal an och d'Patienten !
Do hues du Recht, JADE: d' Fleegepersonal kann grad esou wéineg derfir wéi d'Patienten. An dem Minister seng Positioun ass grad esou dubios wéi den Dokteren hir. Trotzdem soll näischt gestëmmt ginn, wat net bekannt ass. (Wéi zb d' RG déi nach net offiziell virleien.)
och den SW fannen ech ganz gutt,
niewt dem Jesus an sengen Kollegen,
een Genoss wéi den Jesus lacht, hun hien selten esou gesin (also den J, nët den M)
herrlech passend elo, déi misst een dem Här M. d B. schécken, a mat Photoshop kriit een hien bestëmmt nach a Stéckelcher op den Dësch
fir Deng Zänn wënschen ech Dir dann bonne chance, an hoffen dass se nët zevill wéi din, mee do soll ee jo fir urgencen nach un d'Rei kommen
an lo hun dach bestëmmt d'Krankekeesen profitéiert, ëmmerhin hun lo déi Leit déi all Méindeg beim Dokter soutzen wéint engem décke Kapp an op d'Rezept vun der Aspro an de Krankeschäin gewaart hun, missten e bessi Paus maachen
optimistesch gekuckt
Der Mars trifft auf einem Spaziergang die Erde und fragt: "Oh Gott, wie siehst du denn aus?" Worauf die Erde weinerlich antwortet: "Ich habe Homo Sapiens..." Darauf der Mars: "Mach dir keine Sorgen... das kenn ich, das geht schnell vorbei!"
__________