Eng Serie vun der italienecher Band Elvenking déi ech den Weekend zu Esch an der Kulturfabrik geknippst hun. Bei der 3. stéiert mech den Mikro ee bëssen am Gesiicht mais d'Expressioun huet mer awer sou gutt gefall.
Wow, wat eng Serie nees, 3 & 5 sen meng Favoriten, dei anner 3 sen direkt hannen Drun. Qualiteit vun deenen Biller ass den Hummer wat Farwen, Schärft an Belichtung ugeht !!
Wieklech Top, mei kann een do net soen !!
Ass ëmmer rëm flott ze gesinn wéi d'Mehnungen auserneen ginn ... bei Serien vun Bands kucken ech ëmmer fir eng vun all Musécker ze hunn. Hehe .. jo dat do ass Gang bis 01:30 an um 05:00 ërem ob fir ob d'Juegd, an keen Aae zou gemach. Huet sech awer gelount