Et kann een di Dénger do jo dréinen, bis een sou huet, wéi een se wëllt. Mais och ouni dat sin d'Leit vum selwen all no uewe stoe gaangen, ween huet scho gäre wann ee mam Kapp no ënnen hänkt...
Ech schéinen bloen Planéit, ech mengen do kéint een et aushaalen. Deen Kugelpano hues du wonnerbar hinkritt, ganz flott mat den Leit déi nees eng ganz aaner Dimensioun do eranbrengen. Respekt
Merci villmols, mais de Kuelpanorama u séch ass keng Hexerei, wann den Originalpano am Ufank impecc ass... An dat ass net ëmmer evident, besonnesch wann een di eenzel Bller aus der Hand mécht.
An desem Fall ass den Effekt wirkléch gudd, - dat dierf ech jo bescheidenerweis selwer zougin? - , mais et gëtt awer och Abusën domaader gemaach. Et brauch een nëmmen op fotocommunity.de kucken ze goen an di spezial Sektioun fir des Zort vu Biller, da vergeet engem d'Begeeschterung neess séier...