Ganz am Géijendeel: déi SW ass fir mech déi bescht aus der Série. Déi aaner gefale mir perséinlech guer nët. Fannen së och extrem onscharf (ausser dat wiër mäin Laptop) a verrauscht.
Mä zerëck zu der SW. Hmm...froën mech, wéi déi wuehl géif wiërken, wann een déi géif a 4 verschidde Fotoen matt je engem verschiddenem Faarwtoun dublizéieren...esou à la Warhol. Wees Dë, waat ech mengen?
Hmm, mat Rauschen an der Schäerft fannen ech zwar lo komesch. Rauschen (iwwerméisseg) gesinn ech eigentlech just an der SW an am Hg vun 5, Schäerft ass eigentlech ausser bei der 4ter iwwerall wou se soll sinn, bei mengen TIFFen mol op mannst.
Weess wat s de mat der Serie do mengs, weess awer nach net op mer sou eppes gefalen soll... XD Ech probéieren et mol eng Kéier an lueden se rop wann et eppes gëtt.
also wéi gesoot, et kann och u mengem Laptop hänken. Mä z.B. bei deeër éischter schéint mir d'Schärft um Hoërusaatz vum Musiker ze sinn, an nët um Gesicht. A bei deeër zweeter bei de Knäpecher vum ëneschten Deel vun der Guitar (?)
Rauschen bei deenen 2 gesinn ech all Kéiers am iëweschten bloën "Firmament", wenn ech drop klicken...
Déi SW ass fir mech och déi bescht aus der Serie. Bei deenen zwou éischten ass den Museker fir mech ze vill um Rand oder ugeschnidden. Op der läschte ass et flott wéi d'Luucht op den Drumset fält et gesäit een den Museker awer net genuch.
Bei der 1ter ass en effektiv en bëssen vill um Rand, huet mer awer vum Rescht hier gutt gefall. Hunn der nach vum Drummer, do gesäit een méi vum Kapp, mee manner Actioun, weess net wat besser ass.
Déi SW fannen ech och super .. den Kadrage bei denen zwou eischten fannen ech och net gutt .. 4 ass och cool an 5 flott Luucht mais ët erkennt een den Drummer net
Ech hunn u sech probéiert en bëssen aner Vue ze fannen wéi déi klassesch statesch Hollywood-Frontshots. Hunn däer zwar och gemaach an jo puer an der Serie dran, mee ech fannen dat déi mëttlerweil iwwerproduzéiert sinn. Gesäit een no all Concert an wann keng extra cool Beliichtung dran ass rappen déi keen (mech mol) méi vum Hocker. Sinn zwar nach ëmmer flott, mee awer iergendwéi ëmmer dat selwecht.