bein een vun mengen Lieblingsparfum'en ... an dann och nach bei sou enger Foto. Tip Top!
Mier geif et besser gefaalen wann t'Hänn och scharf wieren. Zumols deen iwerbeliischtenen Mettelfanger just firum "Sisi" steiert mech well en voll um Eyecatcher leit. (also net den Sisi, mais den ganzen Parfum)
Dem Model seng Auer... as villeicht elo zevill klengkarreiert ... mais eng Sach nach Spako ... 139kb??? dohier den Bokeh as mol sou epes vun Aankriebsereegend .... igit zumols beim Decolté as et schlemm. Do mengt een baal du wiers an denger Tounkurv ausgerutscht...
PS:
Den enneschten rietsen Bilddeel as fier mech ze eidel, den Kapp vum Model an dei Kugel dei t'Hänn Formen ronnderem de Parfum, leien genau iwerteneen uewen lenks, doduerch entsteht ennen riets e groussen Bereaich wou naischt leeft ... zumols een den Décolté jo net gut gesait ...
Mir gefällt se esou wéi se ass ganz gutt. Hätt een eventuel just kéinten d'Fläsch retouschéieren, also déi Flecken déi drop sinn, an ënnert denger lenker Hand deen Liichtpunkt (hellen Fleck)
Hunn däi 365-Deeg-Projet um Site gekuckt: Mir gefält dat immens gutt, besonnesch als Ganzt. Eng Sammlung vu klengen Alldags-Impressiounen an Emotiounen déi zesummen ganz grouss wierken! Super!