Do gëtt et op der Corniche ënnert der Cité judiciaire op de Mauere vum Rempart eng ganz Zeil vu Beeter, wou lauter "lëtzebuergesch" Rouse geplanzt gi sin, der richteger, déi zu Lëtzebuerg geziicht goufen, awer och der "falscher", déi vun auslänneschen Ziichter fir Lëtzebuerg geziicht goufen, an deenen hiren Numm ee Rapport mat eisem Land huet. Wars du schon do?