Och dës Serie ass ee klenge "Bijou". Richteg flott Vu'en vum Gronn, an alt neess an enger exzellenter Qualitéit. Et ass bal net ze gleewen dat et sech ëm Klengbild handelt, an dat mat Geschier wat elo ronn 65 Joer um Bockel huet.
D'Homogenitéit ass ebenfalls gutt ausgeglach, do huet däi Labo och eng top Aarbecht geleescht.
Qualitéit hat deemols scho säi Präis, an do stung Leica mat béidem ëmmer un der Spëtzt, ...am Verglach heizou, wann ech deng Biller esou betruechten kënnen sech déi Këschten vun haut mat deenen monstréise Pixelsensoren scho bal schummen
2x een décke Merci Marc, ech gin de "klenge Bijou" gären weider un den Oscar Barnack deen durfir mat verantwortlech ass. Et ass ëmmer fir mech e grousse Pleséier mat deem aale Geschir ze schaffen a mat Spannug op d'Resultat ze waarden. Dobäi sin ech bis elo och seelen entäuscht gin schon guer net vun der Leica IIIf an hire Schrauwlënsen, si mécht einfach waat een hier virget a waat een gären hätt, waat bei den Digicam absolut net de Fall ass, wa se z.B. d'Nuecht zum Dag machen, oder d'Liichter total ausgefriess sin wann een se bësse gewärde léisst. Natierléch spillt de Fotolab eng ganz grouss a wichteg Roll, ech gesin bei mengem Labo, wou ech immens déck zefridde sin, esouguer nach Ennerscheeder beim Trix-400 deemno wien d'Zopp ugeréiert huet wëll bei hinnen ass et nach eng manuell Prozedur no engem festgeluechten Protokoll.