Salut,
beim Heidi ass et schein, do geheiren Landschaftsfotoen dobei. Hei eng Landschaftsfoto mat Poteau ... bon, ech gesinn elo net wierklech fierwaat deen mat drop muss sin, ech fannen et och schued well fier mech steiert deen.
Tom
Merci Tom fir däin konstruktiven avis. Jo, dee Poteau...en huet mech och scho gestéiert bei der Opnaam a krut mam beschte Wëlle kee Bildopbau dolaanscht. Mee vu que daat et e Poteau vun der ganz aler Generatioun ass an aus dem "selwechten Holz" geschnëtzt ass wéi de Chalet an esou an d'Ambiance passt, hun ech awer ofgedréckt. Et ass eben wéi mat de Kranen an de Stied wou een se och net ëmmer eweg krit, di eng stéiert et (mech och) di aner net wëll se soen si gehéieren einfach dozou. Ganz éierlech ech sin och net ganz glécklech mam Poteau um Bild, als Kompensatioun lueden ech duerfir demnächst nach eng Landschatsfoto am selwechten Style "ouni" erop.
LG
Georges
Richteg gutt esou am Quadrat, ..an natierlech déi schéin 'dezent analog Faarwen', wann een esou ka soen. De Poteau stéiert mech hei absolut net. Ech tippen emol op Wengen?
Herrlech Georges!