Do hu mir et jo neess: de Mobilier urbain, deen et onméigléch mécht, eng "epuréiert" Foto ze maachen am 21. Joerhonnert: dee Luuchtestäil do, egal wéi filigran en och ass, suergt alt dofir, datt dee schéinen architektoneschen Ensemble vun der Stater Gare gestéiert gëtt. An dann di "dausende" Schëlder, "Tramspuer un, Tramspuer aus, Velospist kräizt, Bus vu lénks, Foussgänger hin an hir, sens unique, sens interdit, sens dessus-dessous", an da soll een do nit drounkich gin?!
Mais d'Foto, wéi ëmmer: exzellent! een echte "gemu" eben.
An dobäi hun nach eng Krëschtbeleuchtung, déi sech wéi eng Hochspannungsleitung queesch durch den Himmel - mat appui un der Spëtzt vum Tuerm - gezunn huet ewech gestëmpelt. Wéi's du et schon hei bei enger Eisebunnfoto bemierkt hues, et get ëmmer méi schwéier Fotoen ze machen an d'Freed dobäi get alldaag méi kleng. Et freet mech awer ze liesen dat trotz allem nach en "echete gemu" dobäi eraus komm ass