All Fotoen an dëser Serie:
Fotograf:
Eropgelueden: 21.05.2022
Gekuckt: 10453
Favoriten: 0
Kommentarer: 5
Originaldatum: 16.05.2022
Fotoapparat: Rollei 35S
Objektiv: Tessar 3,5/40mm
Kommentar vum Fotograf:
Dài Kéier war ech ënnerwee mat enger Rollei 35S mat engem Tessar 3,5/40mm, wou ech ee Kodak T-Max 100 dran hat, deen ech am T-Max developer entwéckelt hun. Wat méch e bëssen nervt, dat ass, datt ech nom scannen d'Impressioun hat, d'Fotoe wieren nit ganz scharf. Mat dem sharpen-tool vun der NikCollection krut ech dat zwar e bësse kompenséiert, mais irgendwéi sin ech awer perplex. Ech wees nämléch nit, ob dat Objektiv vun der Kamera Falschfocus huet, ob ech méch zevill op d'hyperfocal Distanzmarkéierungne verlooss hun, oder ob de Film onscharf gescanned gin ass.
Ech hat nämléch meeschtens Blend 11 oder suguer 16, an d'Distanz op 6-10 Meter agestallt. Domadder hätt der markéierung um Objektiv no missen be deene Blenden de Schärfteberäich vu 5m bis onendléch sin).
Ech hun awer och een neie Scanner, wou ech nach am Léiere si, wéi een dee richteg astellt.
Ech hoffen, di "Opsiichten" hei gefalen iech awer e bëssen.
|
|
Neisten Benotzer:
JaviAm Ganzen:
3725 keen Benotzer an
547 Gäscht online