Kommentar vum Fotograf:
Méng Schwester huet beim Raumen hir analog Pentax Z-10 rëmfonnt, eng vollautomatesch Spigelreflexkamera, wou een eigentléch nëmmen de Boîtier ka gewärde loossen. Well mir net wossten, ob se iwwerhaapt nach géing funktionéieren an ob se nach dicht wier, hun ech virgeschloen, se ze testen. Nei Batterie bestallt, ee Film dran a lass. Éischte Schreck: wann de Film net een DX-Code huet, dannschafft d'Automatik par défaut mat 100 ISO. De Fomapan 400 huet natiirléch keen DX-Code. Wat maachen? Bei Massive Dev Chart gekuckt, wéi een den Foma 400 op 100 ISO entwéckelt, an do gëtt et nit vill Méiglechkeeten: Gott sei Dank hat ech den Adonal (= Rodinal), deen een am Rapport 1+50 konnt huelen a 7 Minutten entwéckelen. Domadder hun ech dann onfräiwëlleg och mol eng Kéier ee Film gepulled. An ech muss soen, d'Resultat gefällt mir. De Grain ass manner ausgeprägt, wéiwann een de Foma op 400 ISO beliicht an entwéckelt an de Kontrast méi douce an deemno méi Informatiounen an de Schieder.