Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Um eischten Träpplek...

 
Um eischten Träpplek...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.04.2013
  • Gekuckt:
    9439
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    13/10 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1400x746
  • Späicherplaz:
    653 KB
  • Originaldatum:
    2013:03:12 09:18:34
  • Fotoapparat:
    NIKON D3X
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    14-24mm f/2.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=71905]
Kommentar vum Fotograf:
..fir d'Traapen eroof.
Gaga 18.04.2013 - 17:17
Jaques,
deet mer leet mais hei kann ech net vill dermat ufänken.
geometresch gesin as se katastrophal...
a fier net erem gesoot ze kreien ech geiff NEMMEN daat teschnescht kucken, sou vum Gefill hier wees ech net waat se soll ausdrecken oder waat elo do den sujet as oder waat se soll vermettelen.
MbG
Jacques 18.04.2013 - 17:26
Et ass eng hölzen Traap an engem aalen verloossenen Haus.
Wéi mengs du daat matt der Geometrie?
Ech kann komplett falsch leien.
D'Gelänner fänkt uewen lenks am Eck un, an d'Traap hällt rechts am Eck op. Ass eppes schief waat ech net gesin?
Wollt d'Lucht weisen déi an d'Traapenhaus eranfällt.
Gaga 18.04.2013 - 22:13
Dierf ech meng Versioun eroplueden ?
Jacques 19.04.2013 - 05:01
Ech hun daat am Forum gelies was du geschriwen hues, an et ass fir mech perseinlech eng gudd Idee ( ech konnt der do net zereck schreiwen well ech net ugemellt sin).
Du därfs deng Versioun rouech eroplueden, ech hun keen Probleem domatt.
Zora 18.04.2013 - 18:00
Kennt mer bekannt fir, kann et sin d'ass mer ob der selweschter Platz wuarenbigsmile
Jacques 18.04.2013 - 18:03
Daat kann gudd sin Zoraclosed_eye
So mer mool waat ech hei verbockt hun bei deser Foto, ech stin um Schlauchsmile
Zora 18.04.2013 - 18:29
Ech géing mengen d'ass se duerch dein enken Kadrage vläit e beschen erdreckt wirkt, mee geing mengen daat ass Affaire de Gout, ech hat se am Heichformat gemeet, ass vläit daat waat den Gaga mengtsmile
Jacques 18.04.2013 - 18:30
OK, merci smile
Maimonides 18.04.2013 - 21:28
Villäicht fehlt et och u Sujet, Jacques,
an d'Fënster hänkt an der Loft
well d'Rumm ganz hell
ausgefreess eriwer kënnt,
an deen ënnischten Eck dervun
ofgeschnidden ass.

Katastrophal ass se secher net...

closed_eye
Jacques 19.04.2013 - 04:49
Elo wous du mer daat geschriwen hues, as et mer erreicht richtech opgefall. An et geseit schlecht aus smile
Merci Maimonides.
Maimonides 19.04.2013 - 21:36
Et gesäit guer net schlecht aus, Jacques,
well di do ass där schéiner Fotoën eng
iwert déi een ganz gemitlich schnëssen kann,
zum Beispill

vum Gaga:

!Dës Foto ass net méi am System!
Jacques 20.04.2013 - 06:57
Am beschten geseit een den Ennerscheed wan een déi zwou kannn gelichzeitech kucken, an do gin ech awer zou dass meng Foto waat d'Glänner ubelangt zevill an daat extreemt geetsmile Mee wéi ech dem Gaga geschriwen hun, well ech nach eemool zereck goen an mer dess Trap nach engkéier ennert d'Kamera huelensmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 632 Gäscht online