Nach eng Foto vum Buerschenter Schlass, wou d'Sonn zwar d'Schlass beliicht mee de Bësch hannendrun am Schiet vum Schlass ass, an dofir ass dës kal/waarm Faarf-Kombinatioun entstanen.
..dës Opnahm vum Buerschenter Schlass gefällt mir nach een Tic besser ewéi däin 1ten Upload, et ass méi vum Schlass ze gesinn obwuel et trotzdem flott am Niwwel isoléiert bleiwt, de waarm / kaal Kontrast ass nach méi ausgepräägt, an d'Panoramaformat passt exzellent.